Manic Monday – our fun day?
Just 3 Deeg nom Match géint déi iwwermächteg Spuenier stinn eis Roud Léiwe virum leschten offizielle Match an dësem Joer an dëser Campagne.
Déi nächst dräi w.e.g.
Jo, et ass vläit e bessen ze vill z’erwaarden dat ons Léiwen zwee Matcher hannerteneen gewannen mä et wier einfach esou schéin Sechs Punkten an enger Woch ze kreien, zwou Tabelleplatzen gutt ze maachen an domadder déi véiert Tabelleplatz anzehuelen.
Ze schéin fir wouer ze sinn ? Dreeme mir ? Egal, ons Léiwen schéinen och drun ze gleewen, Joachim a Payal hunn déi lescht Deeg an den Interviews méi wéi eng Kéier dovunner geschwat.
Mir wëllen net bleiwe wat mir sinn !
De Samsden 5 September spillen ons Léiwen um 18 Auer am Josy Barthel géint Mazedonien an dräi Deeg drop steet den Auswärtsmatch a Wäissrussland um Programm. No bal engem ganze Joer EM-Quali steet ons Nationalekipp mat engem Punkt op der lëschter Plaz vum Grupp C. Den 8 September 2014 hatte mir um éischte Spilldag Wäissrussland zu Besuch an trotz enger furiéiser éischter Halschent mat ville Golchancen hu mir et net färdeg bruecht déi dräi Punkten héiheem ze halen. Am Match drop, am Oktober a Mazedonien, huet et no 45 Minutten och ausgesinn wéi wann mir mat engem positive Resultat Heem fuere géiwen. Léider hatten déi meescht Zuschauer, um Ënn vum Match, an der “Nacionalna Arena Filip II Makedonski” duerch de Besart Abdurahimi e Grinsen op de Lëppsen. An der 92 Spillminutt hatt de genannte Spiller nämlech mat engem Sonndesschoss den 3-2 fir d’Heemekipp geschoss.
Iwweraschungen an Hoffnungen
Vrun engem Dag huet den Nationaltrainer de Kader fir déi zwee nächste Lännermatcher bekannt ginn. Nodeems de Joé Frising an den Anthony Moris, déi zwou Doubluren vum Jonathan Joubert, verletzungsbedéngt hu missen ofsoën gouwen zwee Keeper aus der Eierepromotioun nominéiert. Esouwuel den Andrea Amodio (Titus Péiteng) wéi de Valentin Roulez (FC Monnerech) spillen mat hiere Veräiner an der zweethéischster Klass am Lëtzebuerger Championnat.
Lëtzebuerg – Saint-Trond 1-3
Um Käercherbierg zu Habscht stoungen d’Lëtzebuerger Nationalekipp an de belschen Opsteiger Sint-Truidense Voetbalvereiniging sech um Mëttwochowend géigeniwwer.
De Luc Holtz huet op eng Rei Spiller, notamment och d’Profien déi am Ausland ënner Kontrakt stinn, misse verzichten. Sou stoungen Joubert, Martino, Bukvic, Delgado, Malget, Payal, Bohnert, Dragovic, da Mota, Bensi an Turpel an der éischter Elef vun de Roude Léiwen.
Première fir de Sébastien Thill
Den Nationaltrainer Luc Holtz huet fir de Frënndschaftsmatch géint St Trond (BE) de Sébastien Thill nominéiert. Datt den eelste vum Serge Thill sénge Kanner gläich den Trikot mam Roude Léiw droë géif, lung säit gewësser Zäit an der Loft. Den talentéierten Mëttelfeldspiller vum Progrès Nidderkuer glänzt scho säit Joeren am Dress vun de Giel-Schwarzen a seng rezent Leeschtungen géint Shamrock Rovers hunn den Luc Holtz schlussendlëch ganz iwwerzeecht him eng Chance ze ginn.