Um Wee zeréck
Den Eric Veiga am Interview mat HuelSe.lu. De 6fache Nationalspiller huet sech Zäit fir en klengen Interview mat ons geholl.
Eng Äntwert um Terrain ginn !
Nodeems d’Lëtzebuerger Nationalekipp de Liechtenstein mat 2-0 doheem geklappt hat, hätt d’Stëmmung am Kader u sech misse ganz gutt sinn an de Staff hätt den Auswäertsmatch a Bosnien an aller Rou virbereede kënnen. Leider goufen déi leschten Deeg duerch d’Fäll Thill a Rodrigues perturbéiert an dat Extrasportlecht ass an de Vierdergrond geréckelt. Alles aneschtes wéi optimal, dat Gebrodels virun esou engem wichtegen Deplacement bei Dzeko a Co.
“Och dir, meng Jongen !”
“Tu quoque fili” sollen déi leschte Wierder vum Julius Caesar gewiescht si wou hien ënnert sengen 23 Mäerder de Brutus Marcus Iunius erkannt huet. Aus der Geschicht kann e natierlech vill erauszéien a léiere mä de Kär ass dat de Julius Caesar an de leschten Amenter vu sengem Liewen seng Verwonnerung iwwert d’Deelnam vu sengem Vertrauten um Komplott a Mord geäussert huet. De réimeschen Diktator hat eng besonnesch Bezéiung zum Republikaner, dem hien nom Biergerkrich, an dem hien op der Säit vum Pompeius an domadder géint de Caesar gekämpft huet, net nëmme Gnod gewäert huet mä duerno och zu sengen enkste Vertrauten a Statthalter vu Gallia Cisalpina gemaach huet.
Beschte Gruppenzweeten… an elo?
D’Partie vum 25.September 2022 géint Litauen, wou d’Rout Léiwen sech jo bekanntlech an der Schlussphas eng 1-0 Victoire erkämpft hunn, kéint vu grousser Wichtegkeet sinn – an der Lëtzebuerger Nationalekipp eng historesch Chance bidden…
A l‘abordage!
Kënnen ons Rout Léiwen den Owend eng drëtt Victoire a veier Matcher feieren ?
No der, wann och schmerzlech mä, logëscher Neierlag vun onser Nationalequipe géint Tierkei gëllt et haut den Owend sech net iwwerraschen ze loossen. Um 20:45 spillen d‘Rout Léiwen am Léiwepark géint d‘Färöer. Mat engem Sig keinnten ons Léiwen dei zweeten Tabelleplatz bal sécher hunn. Kloer zum Entern!
ROUT LÉIWEN: Den Opstig vun de Klengen

Virun net ze laanger Zäit an an enger net esou wäiter Galaxie…
ROUT LEIWEN
Episode III: Den Opstig vun de Klengen