De spuenesche Wee

Den Owend um 20:45 fänkt mam Match an Irland d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe un.
Ons Nationalequipe krut mam Aserbaidschan, Serbien, Irland a Portugal eng, um Pabeier, schwiereg Grupp. Als absolutte Favorit gëllt natierlech Portugal a Serbien misst mat Irland ëm déi zweet Platz kämpfen. Um éischte Spilldag huet sech Portugal géint de Aserbaidschan ganz schwéier gedoen a Serbien huet Irland mat 3:2 geklappt.
Néierlag am Testmatch

D’Lëtzebuerger Nationalequipe verléiert mat 1-0 géint de Katar. Am Testmatch virun de Qualifikatiounsmatcher an Irland a géint Portugal huet de Nationaltrainer besonnesch deene Spiller Spillzäit geschenkt déi an der lescht net vill gespillt hunn.
Startschoss fir d’WM2022

Haut den Owend fält de Startschoss vun der wuel absurdster Weltmeeschterschaft an der Geschicht. 2022 moossen sech déi beschte Fussballlänner wéi gewosst am Katar an dëse Choix gëtt wéinst onwierdegen Aarbechtskonditioune fir d’Bauaarbeschter op de Chantier’en vun de Stadien, dem ökologeschen Ofdrock deen dës WM hannerléisst, der homophober Gesetzeslag an dem ancestrale Bild a Platz vun der Fra am Gaaschtgeberland, säit Joren ze Recht kritiséiert.
Arthillerie
Fir den Optakt vun der WM-Quali am Grupp A goufe fir déi éischte Kéier déi dräi Thill-Bridder gläichzäiteg nominéiert. Zwee Debütanten sinn och dobäi.
An der frëscher Loft

An dësem Artikel beschäftegt sech de Raym mat de Grënn firwat een an der nächster Phase vun der Pandemie d‘Fussballsterrain an d‘Tribüne opmaache soll.
Propaganda Grupp A

Een Dag no der Auslousung vun der WM-Qualifikatiounsgruppen, déi onser Nationalequipe Matcher geint den Europameeschter Portugal, Serbien, Irland an den Aserbaidschan geschenkt huet, koum d’Fifa mat enger weiderer Iwwerraschung. Wéi jidderee gespant op de Kalenner gewaart huet, huet de Fussball Weltverband de Gaaschtgeber vun der WM 2022 als „Special Guest“ agelueden. De Katar ass als 6ten Equipe an d’Programmatioun vun de Matcher vum Grupp A eragerutscht. Dat heescht all Natioun aus onser Grupp spillt nieft de Qualifikatiounsmatcher och zwee Matcher géint de Petrol Staat vum persesche Golf. D’”Heemmatcher” vum Katar ginn, weinst der grousser Distanz déi d’Equipe missten op sech huelen, iergendwou an Europa ausgedroën.