Lëtzebuerg – Moldawien, Nullnummer Nummer 3
An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.
Wat wëlls de soe Maxime ?
Net wéinëg Léit waren iwwert dem Maxime Chanot sengen Aussoën an der Pressekonferenz vrum Frënndschaftslännermatch géint Tiirkei iwwerrascht. An der,ronn 50 Minutëger, Konferenz huet de Profi vu Courtrai sëch iwwert d’Qualitéit vun der Berichtserstattung vun der lëtzebuerger Sportspress ausgeloss. Wann een him gleewen sollt da géif et e Malaise zwëschen de Nationalspiller an de Presseléit ginn. Esou schlëmm datt sëch deen Dag keen aneren wollt mam Luc Holtz op den Dësch sëtzen fir sëch de Froën vun de Medien ze stellen. Hien an eng Réih aner Spiller kéinnten net verstoën datt d’Sportsjournalisten ëmmer negativ iwwert d’Leeschtung vun onse Roude Léiwen berichten. Déi schréiwend Zonft géif ënner anerem e schlecht Bild vun der Nationalekipp wéiderginn an ët wier an de leschten zwee Joër net e positive Bericht iwwert se ze liese ginn.
Nünndüdjü!
Lëtzebuerg verléiert duerch en ofgefellschte Schoss an der 86 ‘ mat 1-2 géint Tiirkei.
Mehmet Ekici a Ben Payal am Loftkampf
Zilina
Marianske Namestie – den historeschen Zentrum vun Zilina, am Lëtzebuerger Volleksmond “d’Maartplaz”
Um Wee !
Lëtzebuerg spillt 2-2 géint den RSC Charleroi. De Maxime Chanot huet an der leschter Minutt den 2-2 geschoss. Den anere Gol geet op de Kont vum Da Mota
Dwayn Holter an der Top 5
Duerch e groussen Asatz vun sénge lëtzebuerger Supporter ass den Dwayn Holter an Top 5 vum Spiller vum Mount Februar vun der SpVgg Greuther Fürth gewielt ginn.