D’Roud Léiwen reesen op Lviv
Ons Nationalekipp spillt de 14 Juni hiere Qualifikatiounsmatch fir d’Euro 2016 géint d’Ukraine zu Lviv ( Lemberg).
D’Nummer 4 gëtt fräi
D’Journalisten hu sëch um Kapp gekraazt an d’Aen geriwwen. ‘Wou huet hien deen dann ausgegruewen?’ ‘Aus der 1. Divisioun?’ Domat hat wuel kaum ee gerechent.
Gerson wiesselt bei GIF Sundsvall
De Lars Krogh Gerson wiesselt fir déi néi Saison bei GIF Sundsvall a bléift dem schwédësche Championnat also tréi. Nodeems säi Kontrakt beim IFK Norrköpping ausgelaf war huet e geduet datt dem Gerson säi Wee éischter Richtung Süden a méi no vu Lëtzebuerg féiere géif. Onse “Vikinger” schéint awer vun de Responsabel vu Sundsvall iwwerzeecht ze gi sinn säi Gléck wéider a Schweden ze sichen. De Sportschef Urban Hagblom huet och nëmmen luewenswert Wierder fir de 24 Jäeregen. “Interessant”, “Gudder Arbeschtsmoral”, “kreatif” a “Pass sécher” sinn d’Termen mat deenen de Lars Gerson beschriwwe gëtt. Ët gesäit also net duerno aus wéi wann hien geholl gi wier fir op der Bänk ze versaueren. Dem Spiller selwer gefällt et zu Sundsvall gutt. Wéi hien op der Internetsäit vum Veräin erklärt, war hien am Dezember zu Sundsvall invitéiert an de Veräin huet e flotten Androck bei him hannerlooss. Lo géif hien sëch dorobber freeën séng néi Matspiller kennen ze léieren an d’Präparatioun fir déi néi Saison unzefänken. Wéider versprecht hien der Ekipp mat Asaatz an Erfahrung ze hëllefen fir d’Zieler vum Veräin ze ereechen. Am Fall vum Opsteiger kann et sëch nëmmen ëm de Verbléif an der Allsvenskan handelen.
Prix du jeune espoir fir den Dwayn Holter
Am Kader vun der Wiel zum Sportler vum Joer krutt den Dwayn Holter de “Prix du jeune espoir 2014”.
Den 19järegen Mëttelfeldspiller vun der SpVgg Greuther Fürth huet um nationale Plang den Duerchbroch gepackt an duerch séng gutt Leeschtungen am Trikot vun de Roude Léiwen sëch eng Plaz an der Stammformatioun vum Luc Holtz erkämpft.
Géint Weltstars wéi Pirlo oder Iniesta huet den Spiller mat der Nummer 19 sëch ganz gutt verkaf a bild mam Lars Gerson momentan d’zentralt Mëttelfeld vum néien 4-4-2.
Yarmolenko gett Lektiounen
Mir waren virum Match géint d’Ukraine virsichtlëch optimistësch a waren schlussëndlëch iwwerrascht wéi wéinëg ons, spillerësch, vum Weltranglëschte 19ten trënnt. E weltklasse Spiller, deen gëschter dräi Goaler ausgemeet huet.
Ouni Joachim géint d’Ukraine ?
Och wann de Luc Holtz den Aurélien Joachim nominéiert huet gesäit et net dono aus wéi wann onse beschte Stiermer géint d’Ukraine oplafen kéint.
Nodeems hien nees bei sengem Klub um Trainingsbetrieb deelgeholl huet schéinnt säi Muskelfasserress net auskuréiert gewierscht ze sinn. No sengem éischten Training hatt hien nees wéih an e Besuch beim Dokter soll der Deeg Opklärung bréngen.
