Um Wee zeréck
Den Eric Veiga am Interview mat HuelSe.lu. De 6fache Nationalspiller huet sech Zäit fir en klengen Interview mat ons geholl.
“Och dir, meng Jongen !”
“Tu quoque fili” sollen déi leschte Wierder vum Julius Caesar gewiescht si wou hien ënnert sengen 23 Mäerder de Brutus Marcus Iunius erkannt huet. Aus der Geschicht kann e natierlech vill erauszéien a léiere mä de Kär ass dat de Julius Caesar an de leschten Amenter vu sengem Liewen seng Verwonnerung iwwert d’Deelnam vu sengem Vertrauten um Komplott a Mord geäussert huet. De réimeschen Diktator hat eng besonnesch Bezéiung zum Republikaner, dem hien nom Biergerkrich, an dem hien op der Säit vum Pompeius an domadder géint de Caesar gekämpft huet, net nëmme Gnod gewäert huet mä duerno och zu sengen enkste Vertrauten a Statthalter vu Gallia Cisalpina gemaach huet.
Grouss Erwaardungen
Den Dënschden um 22:35, den allerleschte Match vun der Nations League 2020 ass nach an der Nospillzäit, huet d’Majoritéit vun den 100 Zuschauer déi am Stade Josy Barthel konnten dobäi si ganz aner Gedanke wéi de verpassten Opstig am Kapp. Wéi kommen ech elo um schnellste Wee Heem fir virum « Couvre-feu » um 23:00 dobannen ze sinn a, schlëmmer, wann et ze laang dauert an ech an eng Kontrolle falen, ass de Polizist esou fein fir en Aen zouzedrécke ? Dofir ass et beim Päife vum Felix Zwayer zu Zeene komm déi en sos nach net oft am Stade Josy Barthel gesinn huet. Eng Rei Zuschauer, déi schonn an hire Startingblocks an der Sortie gewaart hunn, si beim Trillern vum Arbitter senger Päif a Richtung Sortie an Auto las gesprint. De Stadion huet, bei engem Fussballspill, säin Numm nach ni besser gedroe wéi an deem Moment.
Richtungsweisend Partie !
Vahid Selimovic (Luxemburg #5)
Säit der dominanter Partie an der 2-1 Victoire am Aserbaidschan stellt sech d’Fro ob ons Léiwen esou gutt waren oder de Géigner e ganz schlechten Dag hatt. Ons Jongen kënnen den Owend géint de Montenegro déi richteg Äntwert ginn. D’Partie géint den aktuellen Tabelleleader gëtt richtungsweisend fir ons Ambitiounen an onse Spillstyle.
Meng éischte Kéier… am Schnéi
Alf-Inge Håland (Foto vu Spox)
Mäin éischte Match am Josy Barthel muss am Mäerz 1995 géint Norwege gewiescht sinn. Ech hunn virdrunner schonns Fussball verfollegt, am Ufank nëmmen EM (ab 1988) a WM (ab 1990), ab 1994 och däitsch Bundesliga (1860 a Kaiserslautern si bis haut meng Liblingsveräiner, deemools alle béid nach éischtklasseg), awer ëmmer nëmme virun der Telé oder virum Videotext a Radio. De legendäre Match géint Preisen 1990 hunn ech beispillsweis mat mengem Papp, engem Monni a menger Mamm zu Bieles gekuckt a mir hunn zweemol haart bei de Goaler vun de roude Léiwe gejaut vu Freed.
Meng éischte Kéier… Summer of 92
Ähnlech wéi beim Raym, fänkt mäin Fussballgedächtnis am Joer 1990 un.
Op déi ganz Magie vun Italia 90, Gianna Nanini, Völler vs Rijkaard an den 1. Panini Album kommen ech elo net méi zréck, well dat gouf jo schonn hiräichend beschriwwen. De legendäre Match géint Däitschland gouf och um Fernseh bei de Grousseltere gekuckt. Wat elo de Live-Fussball betrëfft, esou ass mäin Schlësseljoer 1992 (8 Joer). Als Escher Jong woar deen éischte offizielle Match natierlech op der Escher Grenz (Jeunesse-Hesper 3-1 mam Christian Hoffmann am Gol, deen déi Zäit vu sengem legendäre Papp René trainéiert gouf, esou hunn ech et mol emol am Kapp.)