Jon Legend !
No 10 Joer a 84 Selektiounen ass dem Jonathan Joubert seng Carrière als Roude Léiw zu Enn.
De Nationaltrainer, Luc Holtz, huet haut der Press matgedeelt datt den Anthony Moris néi Stammkeeper vun der Nationalekipp ass. Et ass domadder den Enn vun engem Kapitel lëtzebuerger Fussballsgeschicht.
Enn vum Kapitel FC Metz ?
Fir de Chris Philipps gesäit et esou aus wéi wann d’Geschicht mam FC Metz zu Enn geet.
De Philippe Hinschberger huet am imterview mam Wort gesott dat de lëtzebuerger Nationalspiller “susceptible de partir” ass.
Lëtzebuerg ze schwaach fir Nigeria
Et war net dat beschte Lëtzebuerg, wat mer um Dënschden am Testmatch géint d’Super Eagles ze gesi kruten. Trotzdem gouf et eng Rei Erkenntnisser, een Debütant an ee flotte Gol.
Zeeche gesatt !
D’Männer ëm de Capo Batty B. Maachen wäerend den 90 Minutte vun haut keen aktive Support fir ons A-Ekipp. A platz gëtt haut ons U21 ugeféiert.
Jo Kiki, mir mengen et eescht
E vun de flottsten Amenter vum Fussballbegeeschterten Mënsch ass vrun engem Match vu senger Lieblingsekipp sech an d’Haut vum Trainer ze versetzen. Wann e sech vill mat senger Ekipp an dem Géigener beschäftëgt andeems en am Virfeld all Zeitungsartikel liesst, mengt en et géif en e Feeling dovu kreien wéi d’Opstellung ausgesi wäert.
Treffen zwësche Vergaangenheet an Zukunft a méi
De Freiden Owend spillen ons Rout Léiwen géint Zlatni Ljiljani . Dëst ass den éischten vun zwee Matcher am Abrëll wëll véier Deeg drop Albanien op Besuch ass. D’Preparatioun fir d’WM-Quali 2018 geet also lo lass !