Siwe Liewen wéi eng Kaatz ?
De Volléksmond schwetzt jo gäeren vun der Kaatz mat de siwe Liewen a muncher ënnersträichen dëst och mat Geschichten déi dëse Mythos beféieren. Ëch erënnere mëch oft un eng Geschicht déi ech erzielt krutt, ët soll mol eng Patrouille Polizisten wéinst enger tollwütëger Kaatz geruff gi sinn. Wou se Déier an engem Schapp fonnt hunn hätten se probéiert de Kueder ze fänken. Dëse war awer anschéinend esou agressiv datt d’Polizisten décidéiert hunn d’Déier ze erschéissen. Dir kennt iech bestëmmt firstellen wéivill Kugelen se gebraucht hunn bis de Kueder erleedegt war, genee siwen.
BELVAL, BELFAST, BAKU, BRASILIEN – DEEL 2: DE CK ZU RIO DE JANEIRO
Luiz: „CK, nodeems de all Qualifikatiounsmätcher gesinn hues ass et der, mat Ennerstëtzung vun der FLF, och méiglech gewiecht en Ticket fir d’Finall vun der Weltmeeschterschaft 2014 zu Rio de Janeiro ze kréien. Elo bass de säit e puer Deeg vu Rio erem.
ROAD TO FRANCE – firwat net?
D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.
RTL geschwënn “muy caliente”
E sensationnellen Tosch an der Medienwelt steet wahrschéinlëch un. Wéi “Los Diarios Mexicanos” haut vermellt wiesselt de Camille Ney no der WM bei de mexikanëschen Fernsehsender “Televisa Deportes” an am Géigenzuch kennt d’Vanessa Huppenkothen op de Kierchbierg.
Tëschebilan vun der Pétitioun: Erbärmlech!
Den Tëschebilan no 3 vu 6 Wochen a Punkto Online-Pétitioun fir den neie Stadion.
Fir individuell ugeschriwwen wäit iwwer 1000 Leit, déi all en direkten oder indirekte Bezuch zum Lëtzebuerger Fussball hunn, hunn der bis dat just 146 fir den neie Stadion ënnerschriwwen um Site vun der Chamber. Eng Pétitioun géint den neie Stadion huet an e puer Deeg ëmmerhinn schon iwwer 100 Stëmmen zesummen, och wa se deels mat enger falscher Argumentatioun schafft a wéinst der falscher Orthographie a Rechtschreiwung och nach onprofessionnell eriwwerkënnt.
A European Roadtrip
Net wéi ursprénglech geplangt mat de Kollegen am Minibus, mä direkt Dënschdes no der Aarbecht mam eegenen Auto ass et Richtung Luzern gaangen, wou den 1.Tëschestopp um Trip Richtung Perugia geplangt war. Hätt ee sech virdrun anstänneg informéiert, hätt een och gewousst datt deen Owend d’Schwäiz zu Luzern géint Peru getest haaten – esou hu mer en neie Groundpunkt elegant verpasst…