“Och dir, meng Jongen !”
“Tu quoque fili” sollen déi leschte Wierder vum Julius Caesar gewiescht si wou hien ënnert sengen 23 Mäerder de Brutus Marcus Iunius erkannt huet. Aus der Geschicht kann e natierlech vill erauszéien a léiere mä de Kär ass dat de Julius Caesar an de leschten Amenter vu sengem Liewen seng Verwonnerung iwwert d’Deelnam vu sengem Vertrauten um Komplott a Mord geäussert huet. De réimeschen Diktator hat eng besonnesch Bezéiung zum Republikaner, dem hien nom Biergerkrich, an dem hien op der Säit vum Pompeius an domadder géint de Caesar gekämpft huet, net nëmme Gnod gewäert huet mä duerno och zu sengen enkste Vertrauten a Statthalter vu Gallia Cisalpina gemaach huet.
ROUT LÉIWEN: Den Opstig vun de Klengen

Virun net ze laanger Zäit an an enger net esou wäiter Galaxie…
ROUT LEIWEN
Episode III: Den Opstig vun de Klengen
D’Krallen eraus!
Nom spannende Fight tëscht eisen Nopeschlänner um Donneschdegowend an der Nations League Halleffinall, ass et elo endlech Zäit fir déi wierklech wichteg an interessant Matcher an dëser Fussballwoch. Mat Serbien heiheem a mat Portugal auswäerts zu Faro stinn des Kéier zwee richteg schwéier Brocken um Menü.
Eng nei Ära
Eigentlech ass et bësse komesch fir wärend enger lafender Campagne, déi am Fréijoer jo scho ganz erfollegräich ugefaangen huet, mat historesche Begrëffer wéi Ära oder Zäitalter ronderëm sech ze schmäissen.
Lëtzebuerg – Portugal 1-3
D‘Freed war rieseg nom 1-0 vum GR7
Eng ganz staark Leeschtung vun de Lëtzebuerger gëtt net belount.
D’Rout Léiwen hunn et Portugal immens schwéier gemaach an de Mätch ze fannen. Sëcher loosse sech géint e Matfavorit op den EM-Titel dësst Joer net all Golchance fir de Géigner vermeiden, mee nennenswäert Offensivaktioune vun de Portugiesen an der éischter halwer Stonn kann een eigentlech op enger Hand ofzielen… an déi puer Chancen, déi et goufen huet en Anthony Moris a Galaform paréiert.
Néierlag am Testmatch

D’Lëtzebuerger Nationalequipe verléiert mat 1-0 géint de Katar. Am Testmatch virun de Qualifikatiounsmatcher an Irland a géint Portugal huet de Nationaltrainer besonnesch deene Spiller Spillzäit geschenkt déi an der lescht net vill gespillt hunn.