Troublemakers an Italien
Den Owend spillt ons Nationalekipp géint den Weltmeeschteraspirant Italien zu Perugia. Firwat déi italienësch Fussballfederatioun ons Jongen erausgesicht huet ass kloër. Wéi géint d’Belsch erwarden se e Sparringspartner deen sëch géint eng Néierlag wiert mä deen schlussëndlëch dach verléieren soll. Balotelli a Co sollen sëch halt fir d’Weltmeeschterschaft warm schéissen an Selbstbewosstsein tanken. Obwuel de Mario Balotelli dës sécher net brauch.
Géint e Match Lëtzebuerg-Spuenien op der Arler Strooss
D’Lëtzebuerger Nationalekipp däerf dann elo awer hieren Heemmatch géint Spuenien an der Heemecht spillen. No enger zweeter Demande säitens der FLF un d’UEFA gëtt de Ball den 12 Oktober 2014 awer duerch de Josy Barthel gejoht. D’Konditioun ass datt déi néidëg Verbesserungen am Stadion gemaach ginn. Watt dozou féiert datt ronn 2000 Plazen eweg falen géifen an de Match vrun maximal 6000 Léit gespillt ka ginn.
En Davis Cup ouni Raketten… oder „e puer Gedanken zur Nations League“
Enn Mäerz huet d’UEFA bekannt ginn, ab 2018/2019 eng Nations League auszedroen. Am Virfeld vun dëser Ofstëmmung war wéineg iwwert dësen Tournoi a säi Modus ze liesen, mee dat huet sech direkt nodeems ëffentlech gouf dass dësst Turnéier an Zukunft soll gespillt ginn séier geännert.
Ët geet nees las !
Dëse Mëttwoch fänkt déi néi Saison vun onser Nationalequip mam Frënndschaftsmatch géint Kap Verden un. Déi drëtt Konfrontatioun mat den Inselen ass den éischte Match am néien Futtballsjoer an zielt schonn zu den Virbereedungsmatcher fir ons EM-Quali. Zwee Mol hu mir bis elo géint de Cabo Verde gespillt, zwee Mol hu mir ons mat engem Gläichspill getrennt. ( 2002 : 0-0, 2008: 1-1).
D’Kap Verden hunn säit 2008 awer e sportléchen Sprong no vir gemeet. D’Blo Haien hunn 2013 et ferdeg bruet sech fir d’CAN ze qualifizéieren an sëch dann do bis an 1/4 Final gespillt. An der FIFA-Weltranglëscht ginn d’Männer vum Lucio Antunes op der 27ter Plaz gefuert. Also 93 Plazen virun onser Nationalequip.
E Bléck op d’Auslousung

_„Elo setze __Millioune Letz__ebuerger virum Ferns__eh, Mammen kachen réischt fir 1 Auer an d’Schüler sin extra well um halwer 12 aus dem Bett opgestan: et as Gruppenauslosung live op Eurosport!“ _huet de Benem e Sonndeg de Moien um Facebook gemengt.
De Site vum neie Stadion
Ech wëll dann hei e klengen Iwwerbléck ginn iwwer de Site, wou den neie Stadion soll hikommen, nämlech tëscht de Stater Contournement (A1/A6) an den CR186 dee vu Gaasperech iwwer d’Kockelscheier op Beetebuerg féiert.