1000mol “geholl”
Eigentlech huet alles ugefaang Moies beim Kaffi am Days Hotel zu Belfast, den Dag nom 1-1. D’Nationalekipp weist e kloeren Opschwong, den M-Block Forum ass säit Méint, wann net Joren verweist, d’Facebook ass eben d’Facebook an irgendwéi ware mer der Meenung dass een eng nei Plattform bréicht fir iwwer de Lëtzebuerger Fussball ze berichten an ze diskutéieren.
D’Liewen an der Waardeschlaang
huelse.lu am Gespréich mam Chris Philipps
Den 20 joer jonke Profi vum FC Metz an Nationalspiller vu Lëtzebuerg huet sech nom Match géint de Stade Rennais FC Zäit geholl fir mat ärem Fanblog ze schwätzen.
Lëtzebuerg – Ukraine, wéi wier et mat Ticketen?
Nom Spuenien-Match ass virum Ukraine-Match. An duerch d’Kombiticketen – d’Iddi war prinzipiell net schlecht – misst de Match an engem Mount géint d’Ukraine deemno och ausverkaf sinn. Ob elo Leit vun Oochen a vu soss méi wäit ewech, déi dëse Sonndeg e.a. Tickete fir den M-Block haten, extra fir dee Match nach eng Kéier op Lëtzebuerg kommen, ass awer ze bezweifelen.
Architektebüro vum neie Stadion ass bekannt
Wéi verschidde Lëtzebuerger Medien mellen, ass elo bekannt, wéi eng Firma den Zouschlag fir de Plang vum neien Nationalstadion op der Kockelscheier krut. Gewonn huet déi däitsch Firma Gerkan, Marg & Partner (GMP). A ronn 6 Méint soll dann e Masterplang virleien.
Réckbléck op den Oktober 2004 – Ausbléck op den Oktober 2014
Hiescht 2004. D’4-0 Défaite Ugangs September zu Tallinn ass amfong vergiess, säit mer, just puer Deeg méi spéit, op der Areler Strooss e fantastesche Mätch ofgeliwwert hunn. An engem Mätch, dee kee Verléierer verdéngt hat, hu mer eis fin de compte missen mat 3-4 géint Lettland geschloen ginn. E flotten Fussballsowend, grousse Kampf vun de roude Léiwen, onglécklech verluer, sou eppes ka geschéien.
De Roud Léiw hat se bal!
Mir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen.
