Gusty Kemp, den éischte Profi
Gusty Kemp- image fc Metz
Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer. De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der “Cité du Fer” gestouss. Dem “Super Canonnier” séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet. An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt “35” am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.
Wiessel op Malines
Den Anthony Moris ënnerschréift e Kontrakt mam FC Malines. De Lëtzebuerger Portier Nummer 2 war säit dem Summer ouni Veräin. Nieft Malines waren och Gdansk an Atalanta Bergamo un onse Portier interesséiert
Holtz verlängert bis 2017
De Luc Holtz verlängert bei der Federatioun bis Enn 2017. Säin aale Kontrakt ass bis 2015 gelaf.
Trotz ufänglëchen Retizenzen a Bedenken vu Fan-Säiten aus huet den Holtz et gepackt sech, duerch säin “Offensivdrang”, och bei hinnen duerchzesetzen an huet ferm u Popularitéit gewonnen.
3-8 Néierlag géint d’ukrainësch Supporter
Esou lang huet e sécherlëch nach ni gewart fir e Spillbericht ze liesen. Wenn dorunner Schold ass do däerfen sëch d’Lieser eng eegen Meenung bilden, déi eng soën et ass déi vum Autor vun dësen Zeilen wëll hien e Kabel verluer huet ouni deen hien kéng Foto’en op säi PC eroplueden konnt, den Autor gëtt dem Trainer Dubois d’Schold well deen bis haut verschwonnen war.
Yarmolenko gett Lektiounen
Mir waren virum Match géint d’Ukraine virsichtlëch optimistësch a waren schlussëndlëch iwwerrascht wéi wéinëg ons, spillerësch, vum Weltranglëschte 19ten trënnt. E weltklasse Spiller, deen gëschter dräi Goaler ausgemeet huet.
Bastos vru Wiessel an d’Belsch
De Yannick Bastos steet verschiddene Medien no vrun engem Wiessel op Waasland-Beveren.
De belschen éischt Liguist, deen momentan géint den Ofstieg spillt, test den 14 November onse Nationalspiller an engem Frënndschaftsmatch. De Géigener steet nach net fest.
