De Laurent Jans gëtt Profi !
Gleeft een de Wort-informatiounen waert de Laurent Jans näechst Saison d’Fuerwen vum belschen Profiveräin an Éischtliguist Waasland-Beveren droën.
Wat wëlls de soe Maxime ?
Net wéinëg Léit waren iwwert dem Maxime Chanot sengen Aussoën an der Pressekonferenz vrum Frënndschaftslännermatch géint Tiirkei iwwerrascht. An der,ronn 50 Minutëger, Konferenz huet de Profi vu Courtrai sëch iwwert d’Qualitéit vun der Berichtserstattung vun der lëtzebuerger Sportspress ausgeloss. Wann een him gleewen sollt da géif et e Malaise zwëschen de Nationalspiller an de Presseléit ginn. Esou schlëmm datt sëch deen Dag keen aneren wollt mam Luc Holtz op den Dësch sëtzen fir sëch de Froën vun de Medien ze stellen. Hien an eng Réih aner Spiller kéinnten net verstoën datt d’Sportsjournalisten ëmmer negativ iwwert d’Leeschtung vun onse Roude Léiwen berichten. Déi schréiwend Zonft géif ënner anerem e schlecht Bild vun der Nationalekipp wéiderginn an ët wier an de leschten zwee Joër net e positive Bericht iwwert se ze liese ginn.
Nünndüdjü!
Lëtzebuerg verléiert duerch en ofgefellschte Schoss an der 86 ‘ mat 1-2 géint Tiirkei.
Mehmet Ekici a Ben Payal am Loftkampf
Zilina
Marianske Namestie – den historeschen Zentrum vun Zilina, am Lëtzebuerger Volleksmond “d’Maartplaz”
Fans als Beispill
E kléngen Appel vun Huelse!
Eng 3-0 Défaite an der Slowakei ass bestëmmt kéng Schann, iwwert d’Art a Weis kann een awer diskutéieren a Spiller, Trainer, Medien a mir,d’Supporter, sinn ons do all eenz datt de Match zu Zilina keng Referenz fir alles watt Engagement a Wëllen betrëfft war. Do si mir vun onse Léiwen an der rezenter Vergangenheet méi verwinnt ginn.
An dofir fuert dir esou wäit ?
Als Supporter hëllt een oft dausende vu Kilometer an Onmengen vun Abenteur op sëch fir séng Ekipp z’ënnerstetzen an fir ze hoffen datt um Ënn och eng Victoire erausspréngt.
Bei enger lëtzebuerger Lännermatch Auswaertsrees ass d’Chance op e positivt Resultat natierlëch méi geréng wéi wann e, beispillwéis, dem FC Bayern oder de Spuenier d’Daumen dréckt. Mä grad datt mécht de Charme vun esou enger Rees aus.
