Aalen, Aalen !
Den Dwayn Holter dréit nächst Joer d’Fuerwen vum VfR Aalen. Greuther Fürth huet onse Nationalspiller fir eng Saison un déi Schwaarz-Wäiss ausgeléint. De néie Veräin vum Holter spillt nächst Saison an der drëtter Liga an Däitschland nodeems se lescht Joër ofgestiege sinn.
Lions grenats ?
Wéi een haut am Quotidien liese kann, géif den FC Metz iwwerleeën den Aurélien Joachim ën er Kontrakt ze huelen.
Retour à la case départ ?
China a Kazachstan, datt waren déi Destinatiounen déi an de Rumeuren ëm déi nächst Etapp am Aurélien Joachim senger Carrière zirkuléiert sinn. Wéi et ausgesäit kéinnt fir de lëtzebuerger Topstiermer och e Retour an d’Heemecht a Fro kommen.
Ukraine – Lëtzebuerg 3:0 – näischt Zählbares zu Lviv
Et haat eppes vun Déjà-Vu: wéi am Himatch goufen et 3 Géigegoaler an eng ordentlech éischt Halschent. Trotzdem haaten d’Roud Léiwen deskéier, am Géigesaz zum Match am November, kee Punkt verdëngt.
Lëtzebuerg – Moldawien, Nullnummer Nummer 3
An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.
Grousse Pech fir de Moris
Beim Auswaertsmatch vum FC Malines zu Genk huet den Anthony Moris sëch no nemmen 7 Minuten eng Verletzung um Knéi zougezunn.