Joachim bei Burton Albion ?
Wéi de Quotidien haut schréift wier Burton Albion drunn interesséiert dem Aurélien Joachim ënner Kontrakt ze huelen.
Onse Nationalspiller hat vru kuerzem en Test beim engleschen Drittliguist an huet säin Trainer an de Staff iwwerzeecht.
Trainer bei den Brewers ass keen anneren wéi den Jimmy Floyd Hasselbaink ! Den hollänschen ex-Stiermer a Starspiller vu Leeds United an Atlético Madrid. Fir e Stiermer sécher net de schlechsten Trainer.
D’Auslandspress zur Doudesgrupp A
D’Roud Léiwen kennen säit gëschter d’Géigner an der WM-Quali 2018 a Russland an de Lous huet et sportléch net ganz gutt mat ons gemengt. Mat Holland, Frankräich a Schweden treffe mir an der Qualifikatioun op dräi Länner déi et op engem internationalen Turnéier mindestens zur 1/4 Final packe kënnen. Nieft deenen dräi spille mir géint Bulgarien a Wäissrussland, comme d’habitude.
Holland, Frankräich a Schweden
Haut war d’Auslousung vun der WM-Quali 2018 a Russland a Lëtzebuerg krutt dräi ganz stark Géigener an de Grupp A zougelousst.
Russland, Russland
Wéiéng Fans wiere mir wa mir net vum grousse Coup dreeme géiwen ?
Natierléch wëlle och mir mol ons Ekipp op engem Turnéier uféieren. Biller vu Public Viewings zu Esch, Iechternach an der Stadt geeschteren duerch ons Daagdreemereien, Autocosrs’en duerch all ach esou kléng Avenue a Strooss, friem Mënschen déi sëch an der Arm huelen an zesummen laachen a kräischen. Ach…
Philipps, le Preuss
Wéi mir schonn op onser Facebooksäit annonceiert hunn, wiesselt de Chris Philipps bei den SC Preussen Münster.
Foto: Preussen Münster Homepage