Zu Gaascht beim Lukaschenko
Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.
All Guddes fir däi Gebuertsdag, M-Block!
Et ass ouni Zweifel déi gréisst Fangruppéierung am Lëtzebuerger Fussball – a mat 20 Joer sëcherlech och eng vun deenen eelsten. Rieds geet natierlech vum M-Block. Et ass och do wou mir fënnef Auteuren vun dësem Blog eis alleguer am Laf vun der Zäit kennegeléiert hunn.
Néierlag mat batterem Nogeschmach
Lëtzebuerg verléiert verdéngterweis mat 2-0 a Wäissrussland. Duerch zwee Goler vum Gordeychuk gewannen d’Wäissrussen dräi Punkten an laien lo mat 7 Punkten op der véierter Platz.
Dës Néierlag huet e batteren Nogeschmach hannerloos. A mir schwetze lo net vum Spaghetti-Fiasko.
Déi nächst dräi w.e.g.
Jo, et ass vläit e bessen ze vill z’erwaarden dat ons Léiwen zwee Matcher hannerteneen gewannen mä et wier einfach esou schéin Sechs Punkten an enger Woch ze kreien, zwou Tabelleplatzen gutt ze maachen an domadder déi véiert Tabelleplatz anzehuelen.
Ze schéin fir wouer ze sinn ? Dreeme mir ? Egal, ons Léiwen schéinen och drun ze gleewen, Joachim a Payal hunn déi lescht Deeg an den Interviews méi wéi eng Kéier dovunner geschwat.
Wat e Sch**ss !
Wéi d’Wort an d’Tageblatt op hieren Onlinesäiten melden bekloën sech 15 vun 20 Nationalspiller iwwer Mo-Darmproblemer an hunn d’Nuet um Hais’chen verbruet.
Sébastionell !
Mir brauchen ons net an d’Täsch ze léien, et war kee flotte Match. Bis zur 83′ hu sech béid Ekippen ausgeglach woubei Mazedonien nach déi beschte Chance hatt. Watt duerno geschitt ass konnt kee sech firstellen.