Dwayn Holter an der Top 5
Duerch e groussen Asatz vun sénge lëtzebuerger Supporter ass den Dwayn Holter an Top 5 vum Spiller vum Mount Februar vun der SpVgg Greuther Fürth gewielt ginn.
huelse.lu an der Blogosphäre
Wéi virun e puer Wochen e Mail vum Marc Thill vum “Luxemburger Wort” an “eis Redaktioun” erakomm ass, hu mer eis fir d’éischt emol virtuell d’Ae geriwwen an eis gefrot, ob dat elo Eescht wier oder net: huelse.lu war, zesumme mat enger Partie anere Lëtzebuerg Blogs, ausgewielt ginn, fir op wort.lu Deel vun der sougenannter “Blogosphäre” ze ginn.
Sch**ss drop, Logroño ass nëmmen e mol am Liewen
Säitdem Lëtzebuerg Spuenien an der Auslousung vun der Qualifikatioun fir d’EM 2016 zougeloust krutt, war ët eng vun den spannensde Froën ënnert de Supporter vun onse Roude Léiwen, “Wou méngs du wou mir a Spuenien spillen ?”.
Viva la Revolucion oder Same Procedure as Every Year?
Den 29.Mee 2015 gëtt emol rem e Präsident fir d’Fifa gewielt. 4 Kandidate stinn zur Debatt. Et sinn dësst den amtéierende Präsident Sepp Blatter an e vu senge sëlleche Vizepräsidenten, de jordanësche Prënz Ali bin al Hussein.
Gusty Kemp, den éischte Profi
Gusty Kemp- image fc Metz
Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer. De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der “Cité du Fer” gestouss. Dem “Super Canonnier” séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet. An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt “35” am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.
D’Roud Léiwen reesen op Lviv
Ons Nationalekipp spillt de 14 Juni hiere Qualifikatiounsmatch fir d’Euro 2016 géint d’Ukraine zu Lviv ( Lemberg).
