Prix du jeune espoir fir den Dwayn Holter
Am Kader vun der Wiel zum Sportler vum Joer krutt den Dwayn Holter de “Prix du jeune espoir 2014”.
Den 19järegen Mëttelfeldspiller vun der SpVgg Greuther Fürth huet um nationale Plang den Duerchbroch gepackt an duerch séng gutt Leeschtungen am Trikot vun de Roude Léiwen sëch eng Plaz an der Stammformatioun vum Luc Holtz erkämpft.
Géint Weltstars wéi Pirlo oder Iniesta huet den Spiller mat der Nummer 19 sëch ganz gutt verkaf a bild mam Lars Gerson momentan d’zentralt Mëttelfeld vum néien 4-4-2.
3-8 Néierlag géint d’ukrainësch Supporter
Esou lang huet e sécherlëch nach ni gewart fir e Spillbericht ze liesen. Wenn dorunner Schold ass do däerfen sëch d’Lieser eng eegen Meenung bilden, déi eng soën et ass déi vum Autor vun dësen Zeilen wëll hien e Kabel verluer huet ouni deen hien kéng Foto’en op säi PC eroplueden konnt, den Autor gëtt dem Trainer Dubois d’Schold well deen bis haut verschwonnen war.
Yarmolenko gett Lektiounen
Mir waren virum Match géint d’Ukraine virsichtlëch optimistësch a waren schlussëndlëch iwwerrascht wéi wéinëg ons, spillerësch, vum Weltranglëschte 19ten trënnt. E weltklasse Spiller, deen gëschter dräi Goaler ausgemeet huet.
Fanmatch Lëtzebuerg-Ukraine
De Samsdeg 15ten November 2014 spillt ons Lëtzebuerger Fannationalekipp e Match géint eng Auswiel vun ukrainesche Supporter.
Wéi scho géint Nordirland ass och dës Kéier de Ludovic Dubois den Trainer.
Ouni Joachim géint d’Ukraine ?
Och wann de Luc Holtz den Aurélien Joachim nominéiert huet gesäit et net dono aus wéi wann onse beschte Stiermer géint d’Ukraine oplafen kéint.
Nodeems hien nees bei sengem Klub um Trainingsbetrieb deelgeholl huet schéinnt säi Muskelfasserress net auskuréiert gewierscht ze sinn. No sengem éischten Training hatt hien nees wéih an e Besuch beim Dokter soll der Deeg Opklärung bréngen.
Bastos vru Wiessel an d’Belsch
De Yannick Bastos steet verschiddene Medien no vrun engem Wiessel op Waasland-Beveren.
De belschen éischt Liguist, deen momentan géint den Ofstieg spillt, test den 14 November onse Nationalspiller an engem Frënndschaftsmatch. De Géigener steet nach net fest.