De Roud Léiw hat se bal!
Mir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen.
Siwe Liewen wéi eng Kaatz ?
De Volléksmond schwetzt jo gäeren vun der Kaatz mat de siwe Liewen a muncher ënnersträichen dëst och mat Geschichten déi dëse Mythos beféieren. Ëch erënnere mëch oft un eng Geschicht déi ech erzielt krutt, ët soll mol eng Patrouille Polizisten wéinst enger tollwütëger Kaatz geruff gi sinn. Wou se Déier an engem Schapp fonnt hunn hätten se probéiert de Kueder ze fänken. Dëse war awer anschéinend esou agressiv datt d’Polizisten décidéiert hunn d’Déier ze erschéissen. Dir kennt iech bestëmmt firstellen wéivill Kugelen se gebraucht hunn bis de Kueder erleedegt war, genee siwen.
Wäissrussland: Chance oder chancelos?
Lass geet et: EM-Qualifikation, Waissrussland am Stade Josy Barthel. Keen attraktive Géigner – mee ee machbaren?
Ee Kandidat fir d’Startformatioun: Dwayn Holter
Kee Gléck géint Fortuna
Lëtzebuerg verléiert en Testmatch géint Fortuna Köln mat 0:1 – krut dobai awer och 3 Goaler wéinst Abseits net unerkannt. De Gerard Mersch a Jeff Lascak hun iwwerdeems hiren Debüt gefeiert.
Um Wee
Wéi ët schéinnt ass en onglécklëchen Laurent Jans um Wee zréck an d’Heemecht. En iwwermotivéiert Katari huet am Testmatch zweschen den U20 vum Dundee FC an den U20 vu séngem Land dofir gesuergt datt dem Jans säin Test schonn no e puer Minutten zu Enn war. No engem Tackling huet onsen Nationalspiller missen ausgewiesselt ginn an krutt anschéinend no bruet datt et an deenen Ëmstänn kee Sënn mëscht méi lang a Schottland ze bleiwwen.
Am Quotidien erklären de Laurent a säin Agent, den Didier Philippe, datt de Manager vun Dundee FC de Laurent Jans gehalen hätt wann hien ondiskutablen Stammspiller gewierscht wier, dëst wier awer nët direkt de Fall gewierscht. Dem Jans séng Test-Odysee ass elo zu Enn komm an hien integréiert nees de Lëtzebuerger Championnat bei séngem Veräin, der Fola vun Esch.
Ëndlech ?
Nët schlecht gestaunt hunn d’Zuschauer de Freiden op der Grenz oder de Méinden beim “Goal” kucken wou se den Gilles Bettmer gesinn hunn. Nieft den 2 Goaler déi hien fir säin FC Déifferdeng geschoss huet, huet hien duerch eng kierperlëch Fitness erausgestach.
Dem Tageblatt huet de Gilles erklärt datt hien nieft extra Trainingsschichten och eng Diät mescht an esou 5 Kilo ofgeholl huet an lo an enger Form ass an der mir hien scho laang net méi gesinn hunn.
Nët nëmmen d’Zuschauer vum Déifferdénger Fusiounsveräin freeën sëch iwwert déi Nouvelle mä och déi vun der Nationalekipp géiwen sëch e Retour vun engem Gilles an Topform wënschen. Den SC Freiburg-Schüler gëllt bei de Roude Léiw Supporter als e vun de Liiblingsspiller aus den leschten Joër mä hien huet sëch duerch séng Liewensastellung an -Hygiene sëlwer an d’Abseits gestallt. Séng Lescht Nominéierung läit lo schonn bal zwee Joer hier an am Ufank vum Joër huet de Nationaltrainer an engem Interview mam Wort ganz kritësch Wierder zum Bettmer geäussert.
Ët war um Bettmer dorobber eng Äntwert ze ginn an ët schéinnt wéi wann hien, endlëch, d’Kéier kritt ze hunn.
De Gilles Bettmer huet 2005 mat 16 Joër säin Début ënnert dem Hellers ginn an huet 1 Goal am Dress vun der Nationalekipp geschoss. Mat elo 25 Joër bleift dem Gilles nach genug Zäit fir säin aktuellen Selektiounenstand ( 58 ) ze vergréisseren an d’Hoffnung déi an hien gestach gouwen ze erfëllen.
Ëndlech…