E Bléck op den nächste Géigner: Holland
Et war de 9.Juli 2014, géint véirel fir 8 lokaler Zäit zu Sao Paulo… de Maxi Rodriguez leeft un a schéisst en Elefmeter… de Jasper Cillessen kënnt un de Ball, kritt e widdert d’Lat deviéiert – mee vun do aus spréngt de Ball an de Gol. Argentinien steet an der WM-Finall 2014.
Och wann Holland puer Deeg drop nach sollt den Mätch em d’Drëtt Plaz gewannen, sou ass mat dëser Halleffinall zu Sao Paulo awer eng grouss Ära am hollännesche Fussball op en Enn gaang.
Irgendwéi e Klassiker…
E Freideg géint Schweden hunn d’Lëtzebuerger net schlecht gespillt – mee et muss een unerkennen, dass de Géigner einfach méi staark war. Eng weider Chance, déi éischt Punkten fir dëss Campagne anzefueren bidd sech fir d’Rout Léiwen schon dëse Méindeg auswäerts a Wäissrussland.
Du weess dass de Fan vun der Nationalequipe bass…
Du weess dass de Fan vun der Nationalequipe bass…
Oppene Bréif vum Luc Holtz
Dräi Deeg nom dramatësche Match zu Sofia huet de Luc Holtz, onse Nationaltrainer, sech Zäit geholl fir dësen “oppene Bréiw” ze schreiwen.
Den Island-Modell
Den Island-Modell
Ausbildung als Schlëssel vum Erfolleg.
Et ass ee regelrecht Mäerchen datt sech bei der Euro 2016 a Frankräich ofspillt, Island huet de Sprong bis an d’Véierelsfinall gepackt. Mat hiren heldenhafte Leeschtungen hu se sech an d’Häerzer vu ville Fussballfan gespillt a gëlle bei villen “Fussballzwergenatiounen” als Virbild.
Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…
All zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei wäitem net nëmmen, hei am Land huet. D’soziologesch Fakultéit vun huelse.lu huet déi verschidde Supporter-Typen analyséiert a kategoriséiert, an ass elo frou Iech kënnen éischt Resultater vun eiser Etude ze publizéieren.