Bravo
Losse mir ons éierlech sinn, am Virfeld vum Match hunn déi maanst onser Nationalequipe zougetraut e positivt Resultat géint Wäissrussland ze maachen. Dat loung net um Géigener mä un der laanger Lëscht vun Ausfäll fir d’Duebelkonfrontatioun géint Wäissrussland a lo e Sonnden a Frankräich. Moris, Schon, Mahmutovic, Lars Gerson, Mutsch, Chanot, Laterza a Bensi verletzt a Kiki Martins a Malget gespaart. Soit ons quasi ganz Ofwierréih an hiere direkten Ersatz.
Lëtzebuerg – Cap Vert… herno ass een ëmmer méi schlau!
Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau.
No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.
Gleeft drun !
De “Roude Léiw géint de Hunn”… an der Déierewelt wier kloer ween dësen Duell gewanne géiw mä wann den Arbitter de Match de Samsden Owend upäifft da si natierlech d’Franzousen de grousse Favorit.
Am Gedenken un en treie Supporter vun de Roude Léiwen…
Eng ganz traureg Noriicht huet eis de Weekend ereecht: de John Muno, Eirepräsident vum FC CeBra01, huet eis d’lescht Woch fir ëmmer verlooss.
Vermasselt Generalprouf
Ons Lëtzebuerger Nationalequipe verléiert hieren Testmatch mat 2-4 géint de KV Mechelen.
Bei der Generalprouf géint de belschen Éischtliguist huet de Luc Holtz seng Männer am bewerten 4-4-2 op d’Stéck gescheckt.
Enormen Interessi um Jans !
Dem Laurent Jans seng gudd Leeschtungen an der Nationalequipe a bei Waasland Beveren bleiwwen net onbemierkt.
Wéi haut am Le Quotidien steet sti Veräin Schlang fir den Ausseverteideger ze verpflichten.