Eng eemoleg historesch Chance
Um 20:45 trëfft Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel op Wäissrussland.
No der Ausléisung vun der Nations League an dem Duerchliesen vum Kalenner hunn déi meeschte Supporter dorobber gehofft dat de läschten Heemmatch géint Wäissrussland den entscheedene ka sinn. Véier Matcher méi spéit ass et wierklech dozou komm a Lëtzebuerg, als Tabelleleader, trëfft op de wäissrussëchen Zweeten a ka mat enger Victoire den Owend net méi vun der Tabellespëtz erofgehäit ginn. Mat dëser éischter Platz géiwe mir net nëmmen an d’Liga C opstéigen mä mir huelen och nach un der Finaler Ronn deel, déi aus Halleffinal a Final besteet, bei der de Gewënner eng Platz bei der Europameeschterschaft 2020 kritt. Historesch !
The Journey, GR Geschicht
Amateure vum Videospill FIFA vun EA kënnen säit 2 Joer an e Story-Modus erantauchen an sech als « Alex Hunter » zu engem Spiller vun der Extraklass entwéckelen. Den Hunter ass e jonke Shootingstar deen a sengem Premierleague Veräin (dir daerft e wielen) an a sengem Privatliewen verschidde Missiounen ze erfëllen huet bei deenen seng spilleresch a perséinlech Attributen beaflosst ginn.
“Eng Aart inoffiziellen Ambassadeur”… oder: scho rem 10 vun 10!
Fir d’drëtte Kéier hannerteneen huet de CK, hei op huelse virun allem als Auslandkorrespondent fir „exotesch“ Auswäertsmätcher aktiv, allen 10 Qualifikatiounsmätcher vun de Roude Léiwen gesinn.
Besser wéi 1996 !
De Rekord vun 1996 ass gebrach ! Ons Roud Léiwen sprangen vun der 101 op déi 93 Platz an der FIFA Weltranglëscht. Domadder ereechen dem Luc Holtz seng Männer de beschte Klassement an der Geschicht.
Dir hutt eis an schéinen wéi och an schwéiren Momenter ënerstëtzt!
De Luc Holtz huet op sengem Twitter-Account een emotionale Bréif un d’Supporter vun der Nationalequip geschriwwen.
Eng Course géint d’Zäit
“Nach 10 Minutten…” d’Nervositéit ass bal net aus ze halen, d’Hänn si schweeseg, d’Häerz schléit esou fest dat et am Kapp trommelt.
“Nach 5 Minutten, Jongen ech halen et net méi aus ! Dat Waarde mécht mëch verréckt…”
“Beroueg dech, mir packen et schonn”
“Ee Moment, ech hunn eng Iddi”
“Hey Monsieur, vous nous ramener au Stade pour 10€ ?”