Eng Kiischt um Schmant ?
Nach zwee Mätcher bleiwwen onse Léiwen bis dës Compagne eriwwer ass. Den 11ten Oktober spillen mir doheem géint Russland an véier Deeg drop spillen mir auswäerts a Portugal. Allebéid sinn se am Rënnen fir déi éischt Plaz an onsem Group an wa mir éierlëch sinn och zwou Equipen géint déi et quasi onméiglëch ass e positivt Resultat eraus ze huelen. Dofir wollte mir elo héi schonn e kléngen Bilan zéihen.
Mat bis elo sechs Punkten ass onst Zill schonn gut ereescht an mir kéinnten ons elo all op d’Schëller klappen an de Butték zoumaachen. Mä iergendwéi huet d’Ëntwecklung vun de lëschten Méint ons richtëg hongrëg gemeet an mir wäeren nët iwwerrascht wann ons Nationalequipe ons nach eng richtëg Iwwerraschung bereet hällt. Als Ofschloss vun de WM-Compagne engem Favorit d’Been stëllen ? Mir wëllen ! Ët wier d’Kiischt um Schmant vun éiser 6 Bulle Glace.
Den Joker agewiesselt
Déi schéinste Fussballszenarien schreiwen déi Geschichten wou den Trainer an de Schlussminutten de Spiller erawiesselt deen d’Partie kippt. De Präsident vun der FLF war e Fussballstrainer an huet a senger Carriere wuel déi eng oder aner esou ähnlëch Entscheedung getraff.
Elo ass hien Verbandspräsident mä trotzdem huet d’”Awiesselung” vum Michel Platini an der Affaire “néie Stadion” esou munch Ähnlëchkeeten mat esou engem fussballerëschem Happy End. Als e vun den beschten Mëttelfeldspiller vun der Geschicht huet de Platini gëschter d’Bäll verdeelt an et ass un anerer se an de Goal eranzeschéissen.
Den Aurélien an der „grénger Hell“
21.September 2013, 7.Spilldag vun der Eredivisie, den RKC Waalwijk spillt auswäerts zu Groningen. Säit den Oosterparkstadion virun e puer Joer ofgerappt gouf spillt den FCG seng Heemmätcher an der Euroborg, am Volleksmond och „de groene hel“ genannt. Ob dësst sech op d’Stëmmung am Stadion oder op d’Groninger Wieder bezitt hunn ech awer nach net erausfonnt. Virun 18000 Zuschauer gouf de Mätch um véirel fir 8 ugepaff.
“ALLez ROUD”- e Fazit
Vrun e puer Wochen huet HUELSE zu der “ALLez ROUD!” Initiative opgeruff. Ziel vun der Aktioun war esou vill Léit wéi méiglech sëch a rouder Kleedung zum Lännermatch géint Nord Irland op de d’Arler Stross ze mobiliséieren. An dozou goufen och nach e Fanmatch organiséiert an et gouf zum Fouerapéro an engem Fan-Marche opgeruff.
Unbelievable !
“Unbelievable” dat muss sech esou much Nord Ireschen Supporter gëschter Owend gesott hunn wéi se gesinn hunn wéieent fussballerëscht Féierwierk ons Nationalequipe gezündt huet an wéi hier Green and White Army un d’Mauer gespillt ginn ass. Net nëmmen déi gutt 1200 matgereesten Fans si sech wéi an enger anerer Welt virkomm mä och déi vum Roude Leiw konnten hieren Aan net gleewen. Wéini huet en esoueng dominant Lëtzebuerger Nationalequipe gesinn ? Am leschten Heemmatch géint Litauen hatten dem Holtz seng Männer schonn zwee Gäng no fir geschallt mä géint Nord Irland gouf iergendeen “Nitrobooster” gedreckt. Fantastësch!
Eng éischt Halschent wou déi 4400 Zuschauer nëmmen eng Equipe gesinn hunn mä trotzdem ass e Goal op béide Säite gefall. D’Gäscht waren esouguer géint de Laf vum Spill an der 14ter Minutt a Féierung gangen. De Patterson hatt den Jans um falschen Fouss erwescht an de Joubert mat engem Wäitschoss iwwerwonnen. Virdunner hatten nemmen déi Roud Leiwen hier Zänn gewissen an mam Lars Gerson sengem Kappball an der scharfer flacher Flank vum Da Mota op den Bensi hätt den 1-0 scho falle missen. Et ass duerno awer mam Lëtzebuerger Festival wéidergangen. E Fräistouss vum Bensi war nach knapps lanscht gangen a säi Wäitschoss konnt de Carroll nach parieren. Duerno huet de Gerson d’Latt mat engem flotte Schlenzer getraff eh den Joachim eng Konterchance an der Nospillzäit zum 1-1 erageschoss huet. Et wier och nëmmen ongerecht gewiescht wann ons Equipe mat engem Réckstand an d’Vestiaire gange wier.
Lëtzebuerg huet och nom Pausentéi weider Damp gemeet an d’Nordiren an hier Halschent gedreckt. An der 56′ hatt den Carroll dunn eng Réckpass mat den Hänn ugehall. Den Bensi huet de Schoss knapps lanscht de Poto gesaat an hatt puer Minutten drop nach eng Goalméiglechkeet.
Dunn hunn d’Nordiren fir eng gutt 10′ d’Heft an d’Hand geholl an ons Männer ënner Drock gesatt. An der 69′ huet den McKay eng Riesechance mä trefft nëmmen d’Aussennetz.
D’FLF-Selektioun huet dunn awer eng zweet Loft krutt an an der 78′ leet den agewiesselten Luisi de Ball mat der Broscht op den ominpräsenten Bensi, deen sech dann aus 25 Meter en Häerz hëllt an mat engem platzéierten Schoss dem Carroll kéng Chance léist. Den 2-1 léisst de Stadion explodéieren an déi schonn ganz gutt Stëmmung kacht iwwer. Onméiglech watt 3000 Zuschauer ferdeg brengem wann de Fonken vun der Equipe op d’Räng eriwwer spréngt.