Wanterspaass : Ons Meedecher kennen et besser
Säit gewesser Zäit brennt de Spaweck wéinst engem Vidéo an deem en argentinëscht Model hiert futtballistëscht Kennen weisst.
Video : [video][1]
E kuerze Bléck an d’Zukunft
Eng Wanterpaus bekennt mir net ëmmer gutt. Eng Noricht wéi de wahrschéinlechen Transfert vum Bastos ( FCD03) bei d’Bolton Wanderes ( ENG) ka schonn zu komëschen neuronalen Verknüpfungen féieren. Et ass nach näischt an drechenen Diicher ( Stand 17.01.2014 13:23) mä trotzdem huet d’Euphorie mech gepackt. Eng Rees an de Greater Manchester gett schonn am Hannerkapp geplangt, ech gesi mech schonn am Summer mat mengem, iwwer Internet gekafdem, Bastos Trikot op iergendwelcher Vakanzendestinatioun fir eng Foto poséieren an natierlech plangen ech de Bastos schonn a menger Equip op FIFA 14 an ( wee brauch schonn een Ronaldo ?). Awer a meeschten schéissen meng Endorphinen an d’Luut wann ech un d’Zukunft vun der Nationalequip denken. En 20 jäeregen kann an engem Profiveräin nach vill bäiléieren an wann een bedenkt wéi den Yannick Bastos am Europapokal opgetrueden war dann brauch een sech nët ëm seng Zukunft ze suergen. Nieft dem Badtos ( wann, jo wann den Transfert klappt) réihen sech an der Nationalequip op e beemol méi Profispiller wéi jeemols erhofft. Momentan hu mir mat Joachim, Gerson, Mutsch, Philipps, Deville a Chanot also 6 Profispiller. Dobäi gesellt sech héischstwahrschéinlech nach de Moris, 7. an de Bastos, 8. Mä mir sinn nach net ferdeg. Scho säit Joeren waard den David Caiado ( e vun onse Liiblingsthemen ) dorobber de lëtzebuerger Pass ze kreien, säit Joeren héiert een ëmmer nees ” et ass nemmen eng Fro vun der Zäit”. Hoffe mir mol datt et lo gläich ass. Komm mir sinn optimistësch, 9. En aneren Spiller aus der Sporting Lisboa Schoul huet vru gerenger Zäit gesott hien kéinnt sech firstellen fir säi Gebuertsland, also Lëtzebuerg, opzelafen mä hien léisst sëch nach Zäit. Hien erhofft sech nach ëmmer den Trikot vun der “Selecao” iwwerzestreiffen. Eng Participatioun un enger WM oder EM schéinnt méi realistësch mat Portugal. Wann de Mica dës Zeilen liesst, nummer 10. Den Emir Bijelic, grousst Talent beim FC Metz ass Lëtzebuerger, mat 15 Joer ass et vläit ze frei fir ze soen op hien mat 17 scho Profi ass. Mä vu datt ech haut euphorësch sinn Profi Nummer 11. Mam selweschten Elan huelen mer den Luca Ivesic mat op d’Rees. De Goalkeeper deen dëst Joer 19 Joer féiert spillt bei der U19 vum Jahn Regensburg. Och hei sinn d’Schinne gestallt 12 De Chris Martins kann nach ëmmer fir Lëtzebuerg oplafen ( Stand haut). Och nom turbulenten Ufank mat de Roude Leiwen A ass déi Dier nach lang net zou. 13 Säit e puer Joeren hunn den Dwayne Holter ( Greuther Fürth) an den Magnus Clemmensen ( Bayer 04 Leverkusen) de Wee vun der däitscher Ausbildung gesicht an probéieren de Schratt an de Profifussball ze packen. An 2 Joer ass et esou wäit 14 a 15.
Belval, Belfast, Baku, Brasilien(?)
Luiz: CK, fir d’éischt emol all Respekt dass et dir gelong ass an der leschter Qualifikatioun kee Mätch vun de Roude Léiwen ze verpassen. An ech schwätzen elo hei wuelgemierkt net just vun den Heemmätcher, mee och vun deene 5 Auswäertsmätcher zu Belfast, Kasan, Baku, Tel Aviv a Coimbra!
De 5 März géint de Cap Vert
Am éischten Lännermatch vum Joer 2014 treffen ons Léiwen op de Cabo Verde.
De 5 März spillen déi zwou Selektiounen hieren drëtte Lännermatch géinteneen. An deenen zwou Partien virdrunn hu se sëch mat mat Gläichspiller getrennt.
Wou an um wéivill Auer ugepaff gett ass nach net gewosst.
Gutt gebrëllt Léiw !
U sëch wollt ech mir mol nees Zäit huelen fir een ofschléissenden Bericht iwwert déi lëscht Quali-Compagne oder iwwert ons genial Auswäertsrees op Coimbra ze schreiwen mä d’Aktualitéit huet mir do e Strech duerch d’Rechnung gemeet.
Den 8 November 2013 huet nämlëch eng grouss Persoun vum Lëtzebuerger Futtball säi Recktrëtt vu senger Nationalequipscarriere bekannt ginn.
Nodeems den Luc Holtz dem René Peters matgedeelt huet datt hien net méi mat him plangt huet dësen missen erklären datt hien ni méi als Roude Léiw oplafen wäert.
(On-) Sécherheet um Stade Josy Barthel
Spéitstens nom Freidegowend, nom Lännermatch Lëtzebuerg – Russland, muss sech allgemeng d’Fro iwwer d’Sécherheet am Stade Josy Barthel gestallt ginn.