Quitte ou double ?
Den Owend erward eng schwéier Arbescht op ons Roud Leiwen. Géint eng, duerch eng zimlech iwwerraschend Néierlag am August géint d’Nord Iren (1-0), motivéiert russësch Nationalequip mussen “ons Jongen” sech op en harden Match astellen. D’”Sbornaja” an hier Supporter erwarden näischt aneschtes wéi eng kloër Victoire géint ons um Wee vun Direktqualifikatioun fir D’Weltmeeschterschaft.
Testmatch géint Viktoria Köln
Haut um 19h soillen ons Roud Léiwen en Testmatch géint Viktoria Köln. Gespillt gett um Terrain vun der Victoria … vu Rouspert.
Et as de leschten Test vrun de Lännermatch a Russland an heiheem géint Nord Irland.
Fragezeechen ginn et hannert den zwee Folamen Bensi a Payal. Defintif net derbei sinn Chanot a Blaise.
Interessant ass des Partie schonn nemmen well den Trainer haut héischwahrscheinlech déi zwee Innenvertéideger zesummen teste wäert déi och zu Kazan zum Asatz kommen. No den zwee uewen genannten steet jo och den Hoffmann net zu Verfügung well hien giel-Suspendéiert as.
Néien Réckschlag
Schlecht Noricht fir d’Nationalequipe. Nom Maxime Chanot huet sech elo och nach de Guy Blaise verletzt a muss fir déi zwee nächste Matcher forfait erklären. Hien feelt dem Luc Holtz fir d’ Matcher a Russland an doheem géint Nord Irland.
Datt as elo den 4ten Innenvertéideger deen net oplafen kann. Nieft den zwee uewengenannten Spiller aus den belsche Liguen, feelt den langzäit verletzten Tom Schnell an de gesperrten Eric Hoffmann. De leschten kann awer den 10 September géint “Norn Iron” agesaat ginn. De Mario Mutsch ass am selweschten Fall…
De Luc Holtz ass net ze beneiden an et kann een gespannt sinn wéieng Léisung hien elo fennt. De Chris Philipps ass wuel gesaat mä ween spillt nieft dem Metzer Profi ? D’Chancen stinn wahrscheinlech net schlecht fir den Ante Bukvic. De laangen Déifferdenger gouf an der lescht net méi esou oft vum Nationaltrainer benotzt an vläit kritt hien elo d’Méiglechkeet fir sech ze beweisen.
De ganzen Dag nom Motto “ALLez ROUD”
Den 10 September 2013, Dag vum Retour Lännermatch vun onse Léiwen géint Nord Irland, ginn et fir d’Supporter vun der Nationalequipe am ganzen dräi rendez-vous’en.
ALLez ROUD!
Séif een Déel vum ganzen !
Natierlech ginn et méi sexy Equipen wéi Lëtzebuerg. Déi meescht gewannen vill méi oft wéi ons Roud Leiwen mä “Mir sinn ebe Lëtzebuerg”. Och op eng Equip déi méi oft verléiert wéi gewënnt dierf een houfrëg sinn.
Verdéngt !
D’Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt verdéngt 2-1 géint Litauen. Vrun enger moerer Coulisse (958 Zuschauer) hunn Joachim a Bensi, no engem onnéidegen Géigegoal an der éischter Halschent, an den zweeten 45 Minuten d’Spill gedréint.
D’Roud Leiwen wossten am gesamte Match ze gefallen an hunn och nom 0-1 hier Rouh behal an hiert d’Spill opgezunn. Dei omnipresent Offensifspiller hunn ëmmer nees fir Gefohr vrum litaueschen Goal gesuergt an d’Defensif Abteilung huet näischt ubrennen geloos. Als den nordireschen Abitter déi zwou Equipen an d’Paus gescheckt huet waren d’Gäscht zwar 1-0 vir mä d’Lëtzebuerger hatten do schonn insgesamt 7 gutt Goalchancen, d’Litauer nëmmen zwou.
Nom Pausentéi hunn d’Leiwen wéider no vir gespillt a sinn och schnell mam 1-1 belount ginn. De Joachim huet seng ganz Klass bewissen an de Ball lässeg lanscht de Goalkeeper eragesaat. An der 80′ huet dunn den Bensi den 2-1 marquéiert.