Lëtzebuerg kritt den 2te Punkt
No engem 0-0 doheem géint den Aserbaidschan kritt Lëtzebuerg säin 2ten Punkt an dëser Compagne. D’Gläichspill geet u sech an d’Réih obwuel d’Roud Léiwen e bessen méi vum Match hatten. Aleng den Aurélien Joachim hätt keinnten 3 Goaler schéissen. Mat méi Réussite hätt ons Nummer 13 de Match aléng kennen entscheeden. Erauszehiewen bleiwwen ënner anerem, nieft der gudder collective Leeschtung, den Chris Philipps an den Laurent Jans. De Géigener war u sech zimlëch schwach, ausser enger Parade vum Joubert an engem Poteau Schoss an der éischter Halschent gouf et keng brënzlëch Situatioun an onsem 16 Meter. Wat en onser gudder Defensive uschreiwen kann an awer och dem schlechtem Spillopbau vum Vogts sengen Männer. Mol kucken wat mir am Juni zu Baku géint den sëlweschten Géigener maachrn kennen. No dësem Match ass e weideren Punkt de Minimum.
Que sera sera
De Luc Holtz huet fir de WM-Qualifikatiounsmatch géint den Aserbaidschan en néien Spiller nominéiert. Datt ass u sech näischt rares oder exeptionelles mä an dësem Fall ass ët vläit richtungsweisend fir d’Zukunft. Den Dan Colette gouf duerch den Chris Martins Pereira ersaat. Alter : 16 Joer.
De Spiller vum Racing gëllt als Riesentalent an polyvalent asetzbar. An der Jugend huet hien,nom Luc Holtz, éischter am Defensiven Secteur vum Spillfeld säin Onwiessen bedriwwen mä a sengem éischten Optrëtt mat der A-Equipe am Frënndschaftsmatch géint Saarbrécken huet hien am rietsen offensiven Mëttelfeld Plaz fonnt.
E weideren Beweiss dat et sëch ëm e ganz gudden handelt : ab nächster Saison stréckt hien seng Schung am Centre Tola Vologe, d’Talentschmied vum Olympique Lyon. De Club deen an de lëschten Joer Riesentalenter wéi Benzema, Rémy oder Govou erausbruet huet an säit dësem Joer nees mat Talenter aus der eegener Jugend ( Lacazette, Grenier, Gonalons) fir Wirbel an der Ligue 1 suergt. Dat kléngt villverspriechend an de Wiessel op Lyon ass an deenen Ëmstänn richtëg clever.
Elo muss een awer och drunn denken dat esoulaang den Chris Martins nach keng Minutt an engem offiziellen Match fir Lëtzebuerg gespillt huet, et d’Méiglechkeet gëtt datt hien nach fir d’Heemechstland vu senger Famill, de Cabo Verde, spillen kéinnt. Et wier also elementar wichteg wann hien dëse Freiden den definitive Schrëtt Richtung Lëtzebuerger Nationalequipe maachen géif. Datt géif vill Rouh an datt Ganzt brengen an den Drock vum Spiller huelen. Wat esoueng wichteg Entscheedung mat sech bréngt hu mir vrun e puer Joer am Fall Pjanic erlieft. Et wier schéin wann datt jidderengem erspuert bleiwwen geing.
Vergiessen däerf een an der ganzer Euphorie och net datt e Spiller mat 16 Joer nach lang keen fäerdegen Spiller ass. Vill Talenter, esou hoffnungsvoll se och waren, hunn de Sprong zum gestaanenen Spiller net gepackt.
Et soll een sëch, bei der Famill, der Federatioun, de Fans an natierlëch och beim Spiller selwer bewosst sinn datt munch Schicksalschläg wéi Verletzungen, Streidereien mat Trainer oder Matspiller oder schlecht Beroodung an finanziellen Entscheedungen dem Draam vum Fussballstar e Strich duerch d’Rechnung gemaach huet.
Wënschen dem Chris Martins dat hien de Sprong packt an him an der Lëtzebuerger Nationalequipe eng flott Zukunft erméiglëcht.
Aserbaidschan, en onbekanntent Fussballland
Ons Jonge spillen de Freiden den 22 Mäerz am Kader vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint den Aserbaidschan. Um Pabeier ass d’Land aus dem Kaukasus sécherlech net den attraktiivste Géigner mä mir probéieren iech trotzdem an de Genoss vun dem Match ze bréngen. Ass et nëmme bei de wéinegste Lëtzebuerger Fussballfrënn de Fall dat schonn nëmmen de Gedanken un en Lännermätsch d’Häerz zum schloe bréngt a Virfreed sech breed mécht, ass bei de meeschten de Géigener dat wichtegst. Bei Matcher géint Portugal, Frankräich an Holland ass jiddereen dobäi awer wann den Aserbaidschan…, (“Gesondheet !” “Ech hunn net genéitscht Stippi, ech liese grad mäin Artikel iwwert den Aserbaidschan …” ” Ech hunn dir jo gesot dass dë solls e Schall undoen !” ) kennt … mä grad do läit dir falsch. Den Aserb… also d’Land um kaspësche Mier ass ee flotte Géigner wann een sech e bësse fir en interesséiert. Dat ass wéi mat der Vakanz. Wou läit de Ureiz a Portugal oder Holland ze goen ? Mainstream ! Scho gefillten dausend Mol do gewiescht. Wee kann da schonn op Facebook mat Instagramm Foto’en vu sech um Vëlo vrun enger Wandmillen oder beim Iesse vu Frikandele Punkten ? Genee, mir hunn ons verstan. Awer da maacht dat selwecht mol mat engem Bild vun engem Teller Duchbara oder mat iech op engem Päerd an de Bazardüzü als Hannerplang. Abenteuer pur ! Net grad sou ergeet et iech wann dir e Match vun onse Jonge géint den Aserbaidschan kucke gitt, awer bal.
Mchitarjan- Superstar !
Muer, de 5 Februar 2013, spillt ons Nationalequipe zu Valence a Frankräich e Frëndschaftsmatch géint Armenien. D’Land wat zwësche Georgien, Tierkei, Aserbaidschan an Iran läit ass e fussballerescht Rätsel. Wann en dem Gespréich vun de Supporter a Fussballinterresséierte Leit nolauschtert hätt Lëtzebuerg gutt Chancë fir muer e positiivt Resultat ze erreechen. Armenien konnt säit hirem éischte Match an dem Zerspläitere vun der UDSSR nach ni un enger Welt- oder Europameeschterschaft deelhuelen.
De meeschten ass dobäi entgaangen datt Armenien an der Weltranglëscht eng Plaz vrun onsem Angschtgéigener Israel läit an dat se mam Henrich Mchitarjan e richtege Superstar an hire Réien hunn. De 24 järege Mëttelfeld-Ass spillt säit 3 Joer fir Schachtar Donesk a mat engem Wäert vu geschätzte 17 Milliounen Euro zielt hien zu engem wäertvollste Spiller vu Fussballeuropa. An der aktueller Spillzäit huet hien ( toutes compétitions confondues) an 31 Mätcher 22 Goaler geschoss. Eng Bemierkenswert Statistik fir ee Mëttelfeldspiller.
Nieft dem Superstar kann een nach de Roman Beresowski eraushiewen. De Goalkeeper vum Dynamo Moskau spillt säit 1996 fir säi Land a genéisst bei de Supporter wéinst senge stabile Leeschtungen eng grouss Popularitéit.
Jonathan Joubert am Quotidien
De Jonathan Joubert, ons Nummer eent am Goal, huet dem Quotidien een Interview ginn. Liesst hei watt “de Jon” zu sengen Aufgaben, de Leeschtungen vun onsen Roude Leiwen an de Match géint Armenien ze soen huet.
En 1-1 am Testmatch geint Metz
Op engem verreenten killen Dënschden Owend trennt sech ons Nationalequipe mat engem 1-1 vum FC Metz.
De Luc Holtz huet d’Equipe an engem klassechen 4-4-2 opgesaat. Folgend Equipe stoung am Ufank um Terrain : Joubert – Jähnisch/ Hoffmann/Schnell/Jans- Da Mota/Peters ( cap)/ Philipps/ Laterza – Deville/Bensi.
Déi Ronn 150 Zuschauer hunn eng solid Leeschtung vun onse Léiwen, déi ouni Joachim, Gerson a Mutsch opgetrueden sinn,gesinn. Ausserdem huet och den Payal weinst Verletzung op en Asatz verzichten missen. Och wann d’Grenats wuel e bessen méi Ballbesëtz hatten, waren déi bescht Chancen op onser Säit. Mat e bessen méi Verméigen hätte mir an den eischten 45 Minutten och 1,2 Goaler schéisse kennen. Ënnert anerem hatten Bensi an Da Mota Chancen aus spëtzem Wénkel. D’Stiermer vu Metz hatten wuel och e puer Goalchancen mä 100 Prozentëscher waren kéng dobäi. An dobäi huet ons néi forméiert Innenvertéidegung och e puer Cado’en a Form vu Stellungsfeeler presentéiert. Kee Wonner vu dat d’Paire Schnell/Hoffmann jo nach net esou oft zesummengespillt huet.
An der zweeter Halschent gouf et dunn eng Réi Wiesselen. Ënnert anerem koum den Turpel fir den Deville. De Bensi ass och e bësse méi zréck gezu ginn an huet als 9,5 gespillt. Den Philipps ass nieft de Schnell an d’Innenvertéidegung gereckelt an den Hoffmann huet am defensive Mëttelfeld Plaz fonnt.De Laterza huet och mam Jans Positioune getosch. De éischtgenannte war och den aktiivste Spiller um Feld. Hien huet am defensive Spill net vill ubrennen gelooss an de Spiller vun der Fola wosst och am Spill no vir ze iwwerzeegen. Gescheit Säitewiessel, Debordementer an Ofschlëss stoungen um Programm.
Ab der 65 Spillminutt huet d’Spill e bëssen gelidden an et huet gewierkt wéi wann ons Spiller e bësse midd wieren. D’Metzer hunn do d’Heft e bësse méi fest an d’Hand geholl mä sinn awer nëmmen op Corner geféierlech ginn. Bei deenen Aktiounen huet de Joubert munchmol net ganz glécklech ausgesinn. Desen huet duerno awer zwou ganz flott Parade gewisen an huet ons am Match gehalen.
An der 84 Minutt huet dunn den Turpel zougeschloën. No enger gudder erausgespillter Aktioun iwwer lénks koum de Spiller vun der Etzella op der Strofraumgrenz un de Ball an huet mat engem flotte Crochet säi Géigespiller stoe gelooss. Äiskal huet hien duerno laanscht de Goalkeeper zum 1-0 eragesaat.
E puer Minutte méi spéit huet Metz ausgeglach an de Match war dunn och scho fäerdeg.
Fazit : e verdéngten 1-1 wou kee Leeschtungsennerscheed mat de Profien aus der Lorraine ze gesi war. E gudden Testmatch fir de Lännermatch geint Armenien ze prepareieren wou den een oder aneren bewissen huet dat hien hannert onsen dräi Profien Drock maachen kann.