E Schratt zréck ?
Haut goufe vu RTL Radio Lëtzebuerg Informatioune gesent déi soen datt den Aurélien Joachim ab nächster Saison nees am Land Amateursfuttball spillt. D’Rumeur schécken hien nees zréck bei de Fusiounsveräin vun Déifferdeng.
Den Aurélien Joachim ass jo bekannterweis no sengem gudde Parcours an der CL mam F91 am Ufank vun der Saison 2012/13 bei Willem II Tilburg gewiesselt am ass domadder e Futtballprofi ginn. Mat 25 Joer an no gescheitert Versich sech bei Veräiner wéi Alemannia Aachen oder VFL Bochum duerch de Biais vun den zweeten Equipen als Profi ze etabléieren, koum dës Chance wéi duerch e Wonner.
Direkt no senger Verpflichtung huet de Jürgen Streppel den Aurélien als Stuermspëtz opgesat a wann hien net verletzt war huet hien och ëmmer gespillt.
No dësem Futtballjoer kann ee roueg behaapten datt den Aurélien Joachim de Schratt an de Profifussball gemeeschtert huet. Als onbestridde Stammspiller huet hie mat 6 Realisatiounen a 25 Matcher déi meeschte Goaler vu sengem Veräin geschoss.
Leider gesäit de Bilan vu Willem II net esou gutt aus well se en Spilldag vru Schluss op der leschter Plaz vun der Eredivisie stinn. A vu datt de Retard op d’Barrageplaze 5 Punkte bedréit ass den Ofstig onvermeidlech. Zu Tilburg steet nächst Joer Jupiler Leagu um Programm.
Léiwendompteur bis 2015
D’FLF gett bekannt datt den Luc Holtz säi Kontrakt bis Enn 2015 verlängert huet.
Seng Trainertätegkeet als Nationaltrainer huet am August 2010 ugefangen nodeems den Guy Hellers der FLF seng Demissioun matgedeelt huet.
Och wann den Holtz net mat engem Plus vun Sympathiepunkten ugefangen hatt, huet hien seng Qualitéiten bewissen an onser Nationalequipe seng Handschrëfft opgedreckt.
Duerch hien krutt onst Spill eng méi offensiv Richtung an esou lues fannen mir och ëmmer méi dat richtëgt Gläichgewicht.
Schnell verletzt bis Ufank 2014
Ganz schlecht Norichten ginn et vum Galgebierg ze berichten. Nodeems den Tom Schnell um leschten Spilldag géint Kanech huet missen wéinst enger Verletzung ausgewiesselt ginn fällt haut Diagnose : Rass vun den Kräizbänner !
Domadder fehlt den Innenverteideger net nemmen der Doyenne vum Lëtzebuerger Fussball am wichtegen Schluss vun der Saison mä och onser Nationalequipe.
Et kann een dovunner ausgoën datt hien reischt am Januar 2014 zréck um Steck ass.
Mir wënschen eng gudd Besserung !
Profi Nummer 4!
Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.
Eise Géigner vun haut – Finnland
De Finnen ass e Freideg wuel di gréisst Iwweraschung vum ganze Spilldag gelong: 1-1 ass hiren Auswäertsmätch a Spuenien op en Enn gaang.
D’Causa Martins, oder: den Afloss vun der Press
No senger éischter Nominéierung fir d’A-Nationalekipp werft de 16 Joer jonke Christopher Martins Pereira een Dag virum Lännermatch d’Handduch. D’Ursaachen dofir sin zum Deel hausgemaacht.