Auswäertsrees op Belfast
Schonn den Dag vun der Auslousung vun eiser Qualifikatiounsgrupp fir d’WM 2014 war fir mech, wéi fir vill aner Supporter vun der Nationalekipp och, kloer dass den Auswäertsmätch zu Belfast ee vun den Highlights vun dëser Campagne wier – an ech behaapten mol, dass kee vun de Lëtzebuerger di an Nordirland derbäi waren enttäuscht zréck komm ass.
Paradoxon Luc Holtz
De Laurent Schüssler analyséiert gëschter an haut am Wort relativ gutt, wéi de Luc Holtz sech alt selwer an d’Bredouille bréngt matt Aussoen vis-à-vis vun der Press an och dee Moment a Punkto Equipenopstellung. Ouni elo op den Detail anzegoen, hunn ech effektiv heiansdo den Androck, datt munch Opstellung vun engem Spiller (wéi e Freideg Bukvic & Philipps an der Zentralverdeedegung) einfach aus Aktionsismus gemat get oder vläicht fir esouguer der Press, déi vläicht gutt analyséiert, ze weisen wie Chef ass. Dat ass natirlech schwéier ze beweisen, fest steht awer, datt vill Leit vu bausse fannen, datt net ëmmer déi stärksten 11 um Terrain steht.