E volle Stadion – how-to
Den üblechen Thema war alt erëm déi kleng Zuschauerzuel géint Aserbaidschan, woubäi et Quali-Matcher gouf an der Geschicht, déi nach manner Zoulaf haten. Och an den 80er oder 90er gouf et Matcher mat ëm déi 1500 Zuschaer (z.B. d’1-0-Victoire géint Tschechien).
Bonne Chance, Kasachstan!
„Der Terminkalender ist übervoll, da wäre Abhilfe nötig. Ob es aus sportlicher Sicht Sinn macht, zweimal gegen Länder wie Kasachstan, Andorra, San Marino oder die Färöer anzutreten, darüber kann man schon diskutieren”, sou den Här Löw géigeniwwer dem Kicker, dee wuel net ganz motivéiert ass, säi Weekend zu Astana ze verbréngen.
Börti iwwert de Lännermatch
De mëttwoch kennt en Interview mam Berti Vogts am Lëtzebuerger Wort. Hien schwetzt natierlëch iwwert seng Equip mä veréit och wat hien vum Lëtzebuerger Fussball hällt.
Mir ginn och gewuer dat ‘Gladbach hanert engem jonke Lëtzebuerg war.
Aserbaidschan, en onbekanntent Fussballland
Ons Jonge spillen de Freiden den 22 Mäerz am Kader vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint den Aserbaidschan. Um Pabeier ass d’Land aus dem Kaukasus sécherlech net den attraktiivste Géigner mä mir probéieren iech trotzdem an de Genoss vun dem Match ze bréngen. Ass et nëmme bei de wéinegste Lëtzebuerger Fussballfrënn de Fall dat schonn nëmmen de Gedanken un en Lännermätsch d’Häerz zum schloe bréngt a Virfreed sech breed mécht, ass bei de meeschten de Géigener dat wichtegst. Bei Matcher géint Portugal, Frankräich an Holland ass jiddereen dobäi awer wann den Aserbaidschan…, (“Gesondheet !” “Ech hunn net genéitscht Stippi, ech liese grad mäin Artikel iwwert den Aserbaidschan …” ” Ech hunn dir jo gesot dass dë solls e Schall undoen !” ) kennt … mä grad do läit dir falsch. Den Aserb… also d’Land um kaspësche Mier ass ee flotte Géigner wann een sech e bësse fir en interesséiert. Dat ass wéi mat der Vakanz. Wou läit de Ureiz a Portugal oder Holland ze goen ? Mainstream ! Scho gefillten dausend Mol do gewiescht. Wee kann da schonn op Facebook mat Instagramm Foto’en vu sech um Vëlo vrun enger Wandmillen oder beim Iesse vu Frikandele Punkten ? Genee, mir hunn ons verstan. Awer da maacht dat selwecht mol mat engem Bild vun engem Teller Duchbara oder mat iech op engem Päerd an de Bazardüzü als Hannerplang. Abenteuer pur ! Net grad sou ergeet et iech wann dir e Match vun onse Jonge géint den Aserbaidschan kucke gitt, awer bal.
Mchitarjan- Superstar !
Muer, de 5 Februar 2013, spillt ons Nationalequipe zu Valence a Frankräich e Frëndschaftsmatch géint Armenien. D’Land wat zwësche Georgien, Tierkei, Aserbaidschan an Iran läit ass e fussballerescht Rätsel. Wann en dem Gespréich vun de Supporter a Fussballinterresséierte Leit nolauschtert hätt Lëtzebuerg gutt Chancë fir muer e positiivt Resultat ze erreechen. Armenien konnt säit hirem éischte Match an dem Zerspläitere vun der UDSSR nach ni un enger Welt- oder Europameeschterschaft deelhuelen.
De meeschten ass dobäi entgaangen datt Armenien an der Weltranglëscht eng Plaz vrun onsem Angschtgéigener Israel läit an dat se mam Henrich Mchitarjan e richtege Superstar an hire Réien hunn. De 24 järege Mëttelfeld-Ass spillt säit 3 Joer fir Schachtar Donesk a mat engem Wäert vu geschätzte 17 Milliounen Euro zielt hien zu engem wäertvollste Spiller vu Fussballeuropa. An der aktueller Spillzäit huet hien ( toutes compétitions confondues) an 31 Mätcher 22 Goaler geschoss. Eng Bemierkenswert Statistik fir ee Mëttelfeldspiller.
Nieft dem Superstar kann een nach de Roman Beresowski eraushiewen. De Goalkeeper vum Dynamo Moskau spillt säit 1996 fir säi Land a genéisst bei de Supporter wéinst senge stabile Leeschtungen eng grouss Popularitéit.
Level up Super Mario !
Onsen Nationalspiller, deen fir dem Saibene séng Jongen vu St Gallen opleeft, huet dem Quotidien séng Ambitiounen fir dei noh Zukunft matgedeelt. De Mario Mutsch an séng Matspiller sinn als Opsteiger d’Iwwerraschung an der AXPO Superleague. No enger fulminanter Hironn beleeën se déi 3t Plaz. De “Super Mario” ass als Stammspiller um Posten vum rietsen Ausseverteideger e vun de Fundamenter vun deser Sensation. Level Up Mario, Europa schéint gräifbar !