Irgendwéi e Klassiker…
E Freideg géint Schweden hunn d’Lëtzebuerger net schlecht gespillt – mee et muss een unerkennen, dass de Géigner einfach méi staark war. Eng weider Chance, déi éischt Punkten fir dëss Campagne anzefueren bidd sech fir d’Rout Léiwen schon dëse Méindeg auswäerts a Wäissrussland.
Lëtzebuerg – Moldawien, Nullnummer Nummer 3
An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.
De Roud Léiw hat se bal!
Mir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen.
ROAD TO FRANCE – firwat net?
D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.
Saibene verlängert zu Sankt Gallen
De fréieren Lëtzebuerger Nationalspiller an Techneschen Direkter vun der nationaler Futtballschoul huet säi Kontrakt bei St Gallen bis 2015 verlängert. Säit März 2011 ass de Jeff Saibene Trainer bei den gréng-wäissen. No enger starker Leeschtung vum Saibene senger Männer an der Saison 2012-13 stungen se zum Schluss op der drëtter Platz vun der héichster schweizer Divisioun. Domadder hunn se et ferdeg bruet sech als Opsteiger fir d’Europa League ze qualifizéieren.
An elo ?
Ouni de verletzten Aurélien Joachim gewënnt Willem II Tilburg doheem géint den AZ vun Alkmaar. Domadder hunn d’Tricolores iert lescht Spill an der Eredivisie gespillt well nächst Joer d’Jupiler League um Programm steet.
Op d’Missioun Opstieg mam Lëtzebuerger an Ugrëff geholl gëtt ass nach net sécher. Den Goalgetter, deen an 25 gespillte Matcher 6 Goaler geschoss an 2 Virlagen ginn huet, war nëmmen fir eng Saison vum F91 ausgeléint. Op de Veräin aus dem Nordbrabant d’Kafoptioun zitt ass net sécher. Datt läit awer net um Joachim selwer mä un den finanzielle Méiglëchkeeten vum Veräin. Den Trainer, Jurgen Streppel, géif de Stiermer gäeren halen an den Spiller keinnt sech och firstellen mat ofzesteigen. Et ass also net onméiglech datt de beschte Goalgetter vun Willem II säin Engagement zu Tilburg verlängert.