Mchitarjan- Superstar !
Muer, de 5 Februar 2013, spillt ons Nationalequipe zu Valence a Frankräich e Frëndschaftsmatch géint Armenien. D’Land wat zwësche Georgien, Tierkei, Aserbaidschan an Iran läit ass e fussballerescht Rätsel. Wann en dem Gespréich vun de Supporter a Fussballinterresséierte Leit nolauschtert hätt Lëtzebuerg gutt Chancë fir muer e positiivt Resultat ze erreechen. Armenien konnt säit hirem éischte Match an dem Zerspläitere vun der UDSSR nach ni un enger Welt- oder Europameeschterschaft deelhuelen.
De meeschten ass dobäi entgaangen datt Armenien an der Weltranglëscht eng Plaz vrun onsem Angschtgéigener Israel läit an dat se mam Henrich Mchitarjan e richtege Superstar an hire Réien hunn. De 24 järege Mëttelfeld-Ass spillt säit 3 Joer fir Schachtar Donesk a mat engem Wäert vu geschätzte 17 Milliounen Euro zielt hien zu engem wäertvollste Spiller vu Fussballeuropa. An der aktueller Spillzäit huet hien ( toutes compétitions confondues) an 31 Mätcher 22 Goaler geschoss. Eng Bemierkenswert Statistik fir ee Mëttelfeldspiller.
Nieft dem Superstar kann een nach de Roman Beresowski eraushiewen. De Goalkeeper vum Dynamo Moskau spillt säit 1996 fir säi Land a genéisst bei de Supporter wéinst senge stabile Leeschtungen eng grouss Popularitéit.
Kader fir de Match géint Armenien
Ouni de Maurice Deville (firwat?), dofir awer all aaner Legionären mat u Bord. Wéi gewosst fehlt de Payal verletzt, de Bensi ass awer no sénger Verletzung aus em Match géint Metz derbäi.
Chris Philipps, roud oder grenat ?
Den Owend um 18h30 spillt ons Nationalequipe zu Monnerech géint den FC Metz en Testmatch. Fir de jonke Chris Philipps ass dëst eng wichtëg Partie, op béide Säiten waart hien op den Duerchbroch. Dem Quotidien huet onsen talentéierten Vertéideger en Interview ginn. Klickt héi
Mam lëtzebuerger Fussball zum Bachelor-Diplom
De Manou Goergen huet sech fir seng Bacheloraarbecht de lëtzebuerger Fussball zur Broscht geholl, dobäi eng ganz Rei Vergläicher zu deene grousse Klibb aus dem Ausland gezunn an eng ganz Rei Ënnerscheeder festgestallt. Fir den “Huel Se!” huet hien hei seng Feststellungen resuméiert.
Bonne Chance, Ronny Souto!
Während de Fussball hei am Land nach am déiwe Wanterschlof läit ass ee Spiller aus eiser Nationaldivisioun e puer Dausende Kilometer méi südlech scho rem am Asaz: wéi der vläicht scho matkritt hudd, steet de Ronny Souto vun der Fola Esch am Kader vun der kapverdianescher Nationalekipp beim Africa Cup of Nations an ass an deenen 3 Gruppemätcher vum Cap Verde zweemol agewiesselt gin.
Olé, el León Rojo !
photo : Julien Garroy/archives lq
De Reinhold Breu, den Techneschen Direkter vun der FLF, äussert sech no senger Kontraktverlängerung vu 3 Joer iwwert den Ausbildungswee vun onse jonke Léiwen. Dem Quotidien erklärt hien dat ënnert senger Leedung ons Nowuessspiller méi Wert op dat Kreatiivt an Offensiivt leeë sollen.