D’Resultater vun der EM Quali Auslousung ELO !
Raym
Haalt iech un, är Equip vun Huelse huet dat Onméiglëcht Méiglëch gemeet an kann iech haut den Owend, also zwee Deeg vrun der offizieller Auslousung, d’Gruppeverdeelung mat deelen. En aalen Indianersproch huet ons et erméiglecht, mat enger Wahrscheinlechkeet vun 99,99%, eng Auslousung duerchzeféieren déi d’Resultater vun der Zukunft schonn Haut erfirbréngen kann. Op enger geheimer Plaz am Osten vum Land huet en Matarbeschter vun Huelse.lu, déi geféierlech Aktioun duerchgefouert. Huelse.lu huet dobäi kéng Méih a kéng Käschte gescheit an huet e quasi identëschen Kader zu der zukünfteger Zéihung zu Paräis gezaubert. Esoubal d’Kanner vum Schréiwer vun dësen Zeilen am Bett loungen, ass dëssen datt alt Buch op de Spéicher sichen gangen an huet beim Opstellen vun den Dëppen déi ominéisen Wierder geschwaat déi ons an Zukunft propulséieren. Nach schnell eng lusitanësch Fläsch Béier vun 25 cl opgemeet ( am Supermarché mat der Wüsteplanz a Promotioun) an déi éischt Schlupp erofgeschléckt, den Ament genoss wou op eng Kéier déi flott Souveniren vun der Auswäertsrees vu Coimbra eropgeschoss koumen an et goung las :
D’Tête de série gi gewielt :
GRUPP A: Däitschland
GRUPP B: Portugal
GRUPP C: Holland
GRUPP D : England
GRUPP E : Griechenland
GRUPP F : Italien
GRUPP G : Russland
GRUPP H : Spuenien
GRUPP I : Bosnien
Momentan näischt spannendes mä d’Ruhm steet.
Datt zweet Dëppen ass un der Réih
GRUPP A: Däitschland- Belsch, d’Doudesgrupp annoncéiert sëch am Grupp A! GRUPP B: Portugal- Schweden, CR7 géint Ibracadabra GRUPP C: Holland- Ungarn GRUPP D : England- Kroatien GRUPP E : Griechenland-Ukraine, wetten datt mir héi erafalem ? GRUPP F : Italien-Tschechien GRUPP G : Russland- Dänemark GRUPP H : Spuenien- Schwäiz GRUPP I : Bosnien- Ireland
Drëtten Tour
GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien, de Zensemann mecht de Géck mat ons GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien, déi lëtzebuergësch Grupp, wetten ? GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich, gett interessant GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei
Véierten Tour
GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland, momentan zwee absolut Favoriten am Grupp A. GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- och héi schéinen d’Rolle kloer verdeelt ze sinn. GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland, ons Grupp, wetten ? GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales, Reesteschnësch eng wonnerbar Grupp GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien, domadder kéinnt e liewen GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland, Ireland a Schottland, déi mir net kreien…
Fënneften Tour vun der Auslousung. D’Spannung ass um klammen. Esou wéi den Alkoholpegel
GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland-Nord Irland, onsen néien Liiblingsgéigener an zwee Nopperen ! GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- Azerbaidschan GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien- Georgien GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland-Island GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland-Mazedonien,…. WETTEN?!?! GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales-Zypern, Draamgrupp mä fallen mir dodranner ? GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro-Litauen GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien-Moldawien, géif en nach ëmmer mathuelen. GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland-Albanien
Sechsten an leschten Tour vun der Auszéihung, lo wësse mir gläich géint ween ons Roud Léiwen an der Quali spillen
GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland-Nord Irland- Färoër Inselen GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- Azerbaidschan- LËTZEBUERG GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien- Georgien-Gibraltar GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland-Island-Malta GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland-Mazedonien-Andorra GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales-Zypern-Kasachstan GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro-Litauen-San Marino GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien-Moldawien-Liechtenstein GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland-Albanien
Also wann iergendeen en Zweifel un onsen Indianersproch hatt héi ass de Beweis datt et klappt : Lëtzebuerg spillt am Grupp B géint Portugal , Schweden, Israël, Estland an den Aserbaidschan. Zwee Superstars an dräi bekannte Länner. Geléngt ons eng Revanche géint Israël ? Wéivill Punkten kenne mir an dësem Grupp huelen. Komm mir warden léiwer de Sonnden of….
