Duerch d‘Mauer op déi éischte Platz !
D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt vru 3.000 Léit mat 3-0 géint San Marino a klëmmt duerch de 0-0 vu Wäissrussland géint Moldawien op déi éischte Platz vum Grupp 2 an der D Liga vun der Nations League.
Avanti !
No der 1-0 Néierlag vrun 3 Deeg zu Minsk trëffen ons Roud Léiwen haut um 20:45 doheem op San Marino. Déi dräi Punkten si Pflicht wann een an engem Mount déi erdreemten 1te Platz an d‘Qualifikatioun fir d‘Finalspiller vun der Liga D z‘ereeschen.
Leader bleiwwen !
Muer den Owend probéieren ons Roud Léiwen zu Minsk d‘Platz vum Tabelleleader ze vertéidegen.
D’Lëtzebuerger Nationalequipe huet bis zu dësem Spilldag fäerdeg bruet a sengem Grupp mat 6 Punkten no 2 Matcher d‘Platz un der Sonn ze ergatterern.
Weider, ëmmer weider!
Nom historesche 4-0 vun e Samschdeg steet och schonn den 1. Auswäertsmatch vun der Nations League virun der Dier. Fir ons Léiwe geet d’Rees dës Kéier an den Zwergstaat San Marino, dee vu senger Taille hir ongeféier d’Gréisst vun eisem Mëllerdall huet!
Nations League
D’Weltmeeschterschaft 2018 ass säit knapp zwee Méint eriwwer. Niewt de Biller vun de grousse Momenter géint Enn vum Tournoi, wou eis franséich Noperen mat der Coupe hiren zweete WM-Titel feieren oder eis belsch Noperen de Matfavorit Brasilien eliminéiert hunn, bleiwen wahrscheinlech net just mir, mee och villen anere Supporter aus Lëtzebuerg nach ganz aner Momenter an Erënnerung:
Losst ons wéider dreemen !
Laang genuch hu mir elo dorobber gewaart a muer geet d’Nations League endlech un. Kritiséiert vu ville Säiten, wénkt um Ënn vun dëser néier Kompetitioun vun der UEFA ee Billjee fir d’Europameeschterschaft 2020. Eng gëllen Geleeënheet fir vill kléng Verbänn déi et soss duerch déi traditionell Qualifikatioun ganz schwéier hunn fir sech fir d’Europäesch Turnéier ze qualifizéieren.