Zar Olivier den éischten !
Verschidde Medieberichter no ass de Wiessel vum Olivier Thill bei den Ufa FC esou gutt wéi an drëschnen Dicher.
De Spillmaacher vum Progrès Nidderkuer wiesselt fir ronn 250.000€ an d’russësch Premier Liga, bënnt sech fir 4 Joër a gëtt den éischte lëtzebuerger am russësche Fussball ( de Mikhail Zaritski ass réischt no senger Ausbildung a sengen éischte Fussballeresche Schrëtt a Russland Lëtzbuerger ginn).
Olivier Thill op Ufa ?
Wei d’franséisch Editioun vum Wort op hirem Internetsite mellt wëllt den FC Ufa den Olivier Thill !
Pau neuve ?
Engem Bericht vun der République des Pyrénées no wier de Vincent Thill momentan, a bis en Donneschden, beim Pau FC (National) fir een Test.
Aus Iwwerzeegung
Ganz Fussballlëtzebuerg ass momentan liicht opgereegt wann et ëm de Ryan Johansson geet. De gréissten Deel Opreegung gëllt natierlech dem Faite dat de lëtzebuerger U19/U21 Spiller mam groussen FC Bayern München op Virbereedungs- an US Tuer war an do an de Matcher géint de PSG, der Juventus a géint Man City vill ze spille krutt. Et kënnt net oft vir dat e Spiller deen zu Lëtzebuerg ausgebildt gouf an duerch ons U-Auswahlen gaangen ass op esou engem Niveau ze spille krutt.
Zréck zu de Wuerzelen !
Den Aurélien Joachim wiesselt bei den ambitionnéierte Royal Excelsior Virton.
De Lëtzebuerger Nationalspiller wiesselt domadder nët nëmmen an d’D1 Amateur (drëtt Divisioun) mä och zréck bei de Veräin wou hien seng éischt Schrëtt am Seniorsberäich gemeet huet (2004/05) an och nach an déi Stadt wou e gebuer ass.
Jans wiesselt op Metz !
De Laurent Jans ënnerschréiwt fir 3 Joer beim FC Metz !
De rietsen Aussevertéideger verléisst Waasland-Beveren als Rekordspiller a kënnt als Wonschspiller vum Frederic Antonetti bei de franséische zweet Liguist. De néien Trainer vun de Grenats huet sech an der rezenter Vergaangenheet ganz positiv iwwert de lëtzebuerger Nationalspiller geäussert. De Laurent schéinnt e wichtege Bausteen an der Course fir den Opstieg ze sinn.