Dräi Néier am FLF Kader
Den Dënschden flitt ons Nationalequipe zum Trainingslager an d’Tierkei. De Stage zu Belek dauert bis de 15 Januar. Mat dobäi sinn fir déi éischte Kéier den Ricardo Delgado (Jeunesse), Michel Bechtold (Grevenmacher) an de Ryan Klapp (RFCU Lëtzebuerg). Nët dobäi sinn de Charel Leweck, de Laurent Jans, de Ben Payal, de Lars Gerson, de Mario Mutsch an den Aurélien Joachim ( den mat Willem II am Trainingslager zu…….Belek ass ).
Luc Holtz am Wort Interview
Muer ass am Wort een Interview mam Luc Holtz. Dodranner hellt onse Nationaltrainer zu enger ganzer Reih vun Themen Stellung. Den Titel (” Ich versuche mit jedem Spiller korrekt zu sein”) an dei 4 Froën an der “Vir-Ab-Web-Versioun” versprieche schonn vill.
De Chris Philipps ass vun elo u bei de Profien
Laut wort.lu huet de Chris Philipps et elo och zu Metz an d’A-Equipe gepackt, och wann hien dobäi vun Ofgäng bei de Louthrénger profitéiert. E méi héijen Trainings-Rythmus kann hie jo just weider bréngen an domatt och der Nationalequipe hëllefen!
Knuppefreed !
Deeglaang hunn d’ Virbereedunge fir dat grousst Fest gedauert. D’ Frënn an d’ Famill sinn agelueden, d’Kanner freeën sech scho fir méi laang opbleiwen ze kennen an d’Elteren hunn sech ëm den Akaf an dem Zoubereede vum Réveillonsiesse gekëmmert. Am volle Caddie vum Supermarché mat der Wüstepflanz, hu sech nieft diversen Delikatessen an alkoholeschem Gedrénks natierlech och e puer Rakéite gesellt. D’Gäscht sinn ukomm d’Rutsche kann ufänken. No e puer Stonne mat guddem Iessen an nach besserem Schampes, kacht d’Stëmmung iwwer. De Papp a de Monni spieren sech wéi wann si nees 17 Joer hätten, sangen al Gassenhauer, erzielen al Geschichte wou d’Damen d’Aan verdréine vu dat si déi Heldentaten schonn zum gefillten dausendste Mol héieren.Duerno probéiert d’Partygesellschaft sech um Gagnam Style déi d’ Kanner opgeluecht hunn an sech natierlech kromm laache wéi hier erwuesse Familljememberen sech de Batti stellen.
David Caiado huet de Goal vum Joer a Bulgarien geschoss
Den David Caiado huet de Goal vum Joer a Bulgarien geschoss. Deen zu Lëtzebuerg gebuerene Mëttelfeldspiller vu Beroe Stara Zagora huet mat sengem Goal géint Litex d’Wiel fir de schéinste Goal 2012 a Bulgarien gewonnen.
Et bleift weiderhin ze hoffen dat den David Caiado demnächst mat de Roude Léiwen oplafen dierf.
Vun eis aus Gratulatioun fir dëse wonnerschéine Goal !
E Réckbléck op d’Joer 2012
D’Feierdeeg stinn an d’Haus, d’Joer geet dem Enn zou a wéi dat dann üblech ass wëll ech och vun dëser Plaz aus eemol kuerz op d’Joer 2012 zréckblécken.