Bonne Chance, Ronny Souto!
Während de Fussball hei am Land nach am déiwe Wanterschlof läit ass ee Spiller aus eiser Nationaldivisioun e puer Dausende Kilometer méi südlech scho rem am Asaz: wéi der vläicht scho matkritt hudd, steet de Ronny Souto vun der Fola Esch am Kader vun der kapverdianescher Nationalekipp beim Africa Cup of Nations an ass an deenen 3 Gruppemätcher vum Cap Verde zweemol agewiesselt gin.
Level up Super Mario !
Onsen Nationalspiller, deen fir dem Saibene séng Jongen vu St Gallen opleeft, huet dem Quotidien séng Ambitiounen fir dei noh Zukunft matgedeelt. De Mario Mutsch an séng Matspiller sinn als Opsteiger d’Iwwerraschung an der AXPO Superleague. No enger fulminanter Hironn beleeën se déi 3t Plaz. De “Super Mario” ass als Stammspiller um Posten vum rietsen Ausseverteideger e vun de Fundamenter vun deser Sensation. Level Up Mario, Europa schéint gräifbar !
Olé, el León Rojo !
photo : Julien Garroy/archives lq
De Reinhold Breu, den Techneschen Direkter vun der FLF, äussert sech no senger Kontraktverlängerung vu 3 Joer iwwert den Ausbildungswee vun onse jonke Léiwen. Dem Quotidien erklärt hien dat ënnert senger Leedung ons Nowuessspiller méi Wert op dat Kreatiivt an Offensiivt leeë sollen.
Testmatch den 29.Januar géint den FC Metz
http://www.wort.lu/de/view/luxemburg-testet-gegen-den-fc-metz-50f520abe4b0092f07fcc906
Ustouss um 18h30, wou gespillt gëtt, steht nach net fest. Waarde mer och emol of, wéi d’Wieder bis dohinner ass.
pop pop populär pop !
Mam Duerchbroch zu Stammspiller an hire respektive Veräiner hunn ons dräi Profien, Gerson, Mutsch a Joachim natierlech och eng gewësse Popularitéit erreecht. Wéieen Spiller méi Trikot’en verkaf huet a ween déi Meescht Likes op Facebook krut kennt dir hei liesen.
Le Quotidien : Holtz Interview zum Trainingslager zu Belek
Wei gewinnt ginn et an Zäiten vun Trainingslageren ëmmer nees Interview’en mam Nationaltrainer. Haut ass een am Quotidien gedreckt ginn. Vakanz an der Tierkei ? Testspiller ? Trainingsobjektiver an e vermeintlëchen Clash mam Joachim sti zum Thema.