Bonne Chance, Kasachstan!
„Der Terminkalender ist übervoll, da wäre Abhilfe nötig. Ob es aus sportlicher Sicht Sinn macht, zweimal gegen Länder wie Kasachstan, Andorra, San Marino oder die Färöer anzutreten, darüber kann man schon diskutieren”, sou den Här Löw géigeniwwer dem Kicker, dee wuel net ganz motivéiert ass, säi Weekend zu Astana ze verbréngen.
Que sera sera
De Luc Holtz huet fir de WM-Qualifikatiounsmatch géint den Aserbaidschan en néien Spiller nominéiert. Datt ass u sech näischt rares oder exeptionelles mä an dësem Fall ass ët vläit richtungsweisend fir d’Zukunft. Den Dan Colette gouf duerch den Chris Martins Pereira ersaat. Alter : 16 Joer.
De Spiller vum Racing gëllt als Riesentalent an polyvalent asetzbar. An der Jugend huet hien,nom Luc Holtz, éischter am Defensiven Secteur vum Spillfeld säin Onwiessen bedriwwen mä a sengem éischten Optrëtt mat der A-Equipe am Frënndschaftsmatch géint Saarbrécken huet hien am rietsen offensiven Mëttelfeld Plaz fonnt.
E weideren Beweiss dat et sëch ëm e ganz gudden handelt : ab nächster Saison stréckt hien seng Schung am Centre Tola Vologe, d’Talentschmied vum Olympique Lyon. De Club deen an de lëschten Joer Riesentalenter wéi Benzema, Rémy oder Govou erausbruet huet an säit dësem Joer nees mat Talenter aus der eegener Jugend ( Lacazette, Grenier, Gonalons) fir Wirbel an der Ligue 1 suergt. Dat kléngt villverspriechend an de Wiessel op Lyon ass an deenen Ëmstänn richtëg clever.
Elo muss een awer och drunn denken dat esoulaang den Chris Martins nach keng Minutt an engem offiziellen Match fir Lëtzebuerg gespillt huet, et d’Méiglechkeet gëtt datt hien nach fir d’Heemechstland vu senger Famill, de Cabo Verde, spillen kéinnt. Et wier also elementar wichteg wann hien dëse Freiden den definitive Schrëtt Richtung Lëtzebuerger Nationalequipe maachen géif. Datt géif vill Rouh an datt Ganzt brengen an den Drock vum Spiller huelen. Wat esoueng wichteg Entscheedung mat sech bréngt hu mir vrun e puer Joer am Fall Pjanic erlieft. Et wier schéin wann datt jidderengem erspuert bleiwwen geing.
Vergiessen däerf een an der ganzer Euphorie och net datt e Spiller mat 16 Joer nach lang keen fäerdegen Spiller ass. Vill Talenter, esou hoffnungsvoll se och waren, hunn de Sprong zum gestaanenen Spiller net gepackt.
Et soll een sëch, bei der Famill, der Federatioun, de Fans an natierlëch och beim Spiller selwer bewosst sinn datt munch Schicksalschläg wéi Verletzungen, Streidereien mat Trainer oder Matspiller oder schlecht Beroodung an finanziellen Entscheedungen dem Draam vum Fussballstar e Strich duerch d’Rechnung gemaach huet.
Wënschen dem Chris Martins dat hien de Sprong packt an him an der Lëtzebuerger Nationalequipe eng flott Zukunft erméiglëcht.
Börti iwwert de Lännermatch
De mëttwoch kennt en Interview mam Berti Vogts am Lëtzebuerger Wort. Hien schwetzt natierlëch iwwert seng Equip mä veréit och wat hien vum Lëtzebuerger Fussball hällt.
Mir ginn och gewuer dat ‘Gladbach hanert engem jonke Lëtzebuerg war.
Lëtzebuerg – 1.FC Saarbrécken 3-2 (1-2)
Viru just ronn 150 Zuschauer huet d’Lëtzebuerger Nationalekipp sech gëschter Owend géint den 1.FC Saarbrécken mat 3-2 duerchgesat. No der laanger Wanterpaus hätt ee vläicht kënnen dervun ausgoen, dass den Appetit vun de Lëtzebuerger Supporter fir rem Fussball kucken ze goen méi grouss wier wi esou, mee dat kuerzfristegt Verleën vum Mätch vu Konsdrëf op Péiténg wiert eng Rei Leit ofgehal hunn, sech de Mätch ukucken ze kommen.
Comeback Kid !
No langer Zäit gouf de Billy Bernard nees fir d’Nationalequipe nominéiert. Bis elo huet hien e Lännermatch à 4 Minuten op sengem Konto. Fir de jonken Folaman kéinnten der an den nächsten Deeg e puer derbei kommen. Seng eenzeg Selektioun war 2010 bei der batterer 5-1 Néierlag a Wales.
No enger schwéierer Verletzung an e puer aner “petits pépins” féiërt den Innenvertéideger vum Galgebierg säi Comeback bei den Roude Léiwen.
Et bléift him ze wënschen dat dëst Kéier alles besser léeft.
source : Lequotidien
Am August trëffe mir op Litauen
Den 14ten August 2013 spillen ons Leiwen e Frënndschaftsmatch géint d’Equipe aus dem Baltikum. Déi zweet Begéignung zweschen denen zwou Equipen gëtt och des Kéier zu Lëtzebuerg gespillt.
2009 goung d’Première nach mat enger 1-0 Victoire fir Litauen aus. De gëllene Goal vrun 1500 Zuschauer hatt den Tomas Danilevicius an der 39ter Minutt geschoss.