D’Causa Martins, oder: den Afloss vun der Press
No senger éischter Nominéierung fir d’A-Nationalekipp werft de 16 Joer jonke Christopher Martins Pereira een Dag virum Lännermatch d’Handduch. D’Ursaachen dofir sin zum Deel hausgemaacht.
E volle Stadion – how-to
Den üblechen Thema war alt erëm déi kleng Zuschauerzuel géint Aserbaidschan, woubäi et Quali-Matcher gouf an der Geschicht, déi nach manner Zoulaf haten. Och an den 80er oder 90er gouf et Matcher mat ëm déi 1500 Zuschaer (z.B. d’1-0-Victoire géint Tschechien).
Lëtzebuerg kritt den 2te Punkt
No engem 0-0 doheem géint den Aserbaidschan kritt Lëtzebuerg säin 2ten Punkt an dëser Compagne. D’Gläichspill geet u sech an d’Réih obwuel d’Roud Léiwen e bessen méi vum Match hatten. Aleng den Aurélien Joachim hätt keinnten 3 Goaler schéissen. Mat méi Réussite hätt ons Nummer 13 de Match aléng kennen entscheeden. Erauszehiewen bleiwwen ënner anerem, nieft der gudder collective Leeschtung, den Chris Philipps an den Laurent Jans. De Géigener war u sech zimlëch schwach, ausser enger Parade vum Joubert an engem Poteau Schoss an der éischter Halschent gouf et keng brënzlëch Situatioun an onsem 16 Meter. Wat en onser gudder Defensive uschreiwen kann an awer och dem schlechtem Spillopbau vum Vogts sengen Männer. Mol kucken wat mir am Juni zu Baku géint den sëlweschten Géigener maachrn kennen. No dësem Match ass e weideren Punkt de Minimum.
An do war e fort
Wei RTL lo grad informéiert huet ass de Chris Martins an enger “Nacht- und Nebelaktioun” aus dem Hotel verschwonnen.
Einfach trauereg wéi ee Spiller, säi Beroder a seng Famill mat enger Federatioun ëmginn. Nach méi schlëmm dat et schonn am Virfeld Rumeuren gi sinn datt hien Ofsoën waert an sech géint eng Nominéierung entscheed hätt. Datt hätt hien schonn engem Kolleg gesoot.
Do wär et ubruet gewierscht einfach ze soën datt en sech nach net entscheeden kann an mat opene Kaarten spillen. Et ass keen béis wann een fir en anert Land spillen wëll.
Fir mëch trotzdem e Fall deen hart bestrooft soll ginn. Och wann den Chris Martins reischt 16 Joër huet.
Super Mario am Wort Interview
Wei den Aurélien Joachim huet och den Mario Mutsch dem Wort e Videointerview ginn. Et dréiht sech do iwwert seng aktuell Form an natierlech dem Match vun haut.
“Keen ass sech senger Plaz sécher!”
Den Aurélien Joachim huet der franzéischer Online Version vum Wort en flotten Interview ginn. Hien beäntwert dem Fréderic Lambert seng Froën iwwert seng Situatioun zu Tilburg, säin éischt Profijoër, séng Zukunft an iwwert déi néi Talenter déi elo lues a lues un der Dier vun der A-Equipe klappen.
Vill Spass beim Liesen a Kucken