Jon Legend is back
De Luc Holtz setzt op Erfahrung fir den Schon an dem Moris ze ersetzen an nominéiert de Jonathan Joubert.
Puer Gulden Léiergeld…
Dass et zu Rotterdam schwéier fir d’Rout Léiwe sollt ginn war gewosst. Dass um Enn awer sollt mat engem 5-0 déi héchsten Néierlag fir d’Lëtzebuerger an engem Qualifikatiounsmätch säit dem Oktober 2012 (engem 0-6 doheem géint Israel) zu Buch sollt stoen war natierlech eng Enttäuschung.
Lëtzebuerg – Cap Vert… herno ass een ëmmer méi schlau!
Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau.
No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.
Am Flow bleiwwen a gewannen !
Aurelien Joachim mat voller Konzentratioun
Haut den Owend gëllt et d’Leeschtung vun e Samsde géint Frankräich ze bestätegen an endlech nees e Match ze gewannen.
Gudd Leeschtung géint de Vize-Europameeschter
Lëtzebuerg verléiert mat 3-1 géint Frankräich. Ons Roud Léiwen hunn de Vize-Europameeschter méi gefuerdert wéi déi meescht Footix’en geduecht hatten. Kloer wann een sech nëmmen op d’Resultater baséiert da wierkt d’lëtzebuerger Nationalequipe net wéi e Fussballmonster mä um Terrain “boxen” ons Männer ëmmer méi mam Géigner mat. Fir e “lucky Punch” ass et gëscht och esou just net duergaang.
Gleeft drun !
De “Roude Léiw géint de Hunn”… an der Déierewelt wier kloer ween dësen Duell gewanne géiw mä wann den Arbitter de Match de Samsden Owend upäifft da si natierlech d’Franzousen de grousse Favorit.