Bravo
Losse mir ons éierlech sinn, am Virfeld vum Match hunn déi maanst onser Nationalequipe zougetraut e positivt Resultat géint Wäissrussland ze maachen. Dat loung net um Géigener mä un der laanger Lëscht vun Ausfäll fir d’Duebelkonfrontatioun géint Wäissrussland a lo e Sonnden a Frankräich. Moris, Schon, Mahmutovic, Lars Gerson, Mutsch, Chanot, Laterza a Bensi verletzt a Kiki Martins a Malget gespaart. Soit ons quasi ganz Ofwierréih an hiere direkten Ersatz.
9 Grënn, firwat Lëtzebuerg den Owend gewënnt
9 Spiller verletzt, 2 Stéck gespart? Mëcht näischt! Géint d’Wäissrussen ka bal näischt schief goen. 9 Grënn, firwat mir den Owend géint d’Ekipp aus dem Ostblock gewannen:
Spaghetti Belarusaise, ee Gedicht !
Wat mecht onsen Expert de Ludovic Dubois ? Déi läscht Kéier wou mir eppes vun him héieren hunn do hatt sech onse sympathesche Granzsak an Thailand zréckgezunn.
No engem kuerzen Telefonat war d’Iwwerraschung grouss: hien ass zréck am Ländchen !
Mam Sinani, mee keen Thill-Trio !
De Luc Holtz huet haut säi Kader fir d’Matcher géint Wäissrussland (31.8 am Josy) a Frankräich (3.9 zu Toulouse) bekannt ginn.
Och ouni Mahmutovic a Chanot
Et huet sech also bestätegt dat weder de Mahmutovic nach de Chanot fir d’kommend Matcher an der WM-Qualifikatioun zu Verfügung stinn. Béid Innevertéideger hu sech bei Asätz mat hiere Klibb verletzt a feelen der Nationalequipe doheem géint Wäissrussland (31.8) an auswärts géint Frankräich (3.9 Toulouse).
Fortuna ouni Chance
Lëtzebuerg – Fortuna Köln 1:0 (0:0)!
Gëschter gewannen eis “Amateur”-Roud Léiwen an engem Testmatch géint den däitschen Drëttligist Fortuna Köln. Bis op de Gerson Rodrigues, dee jo scho mat Telstar aus Nordholland trainéiert a wahrscheinlech dohinner wiesselt, huet de Luc Holtz just mat Spiller aus dem lëtzebuerger Championnat gespillt. Ze notéieren ass dat den Dino Toppmöller, Trainer vum F91 Diddeleng, seng Spiller fir dese Match net fräi ginn huet.