Jon Legend !
No 10 Joer a 84 Selektiounen ass dem Jonathan Joubert seng Carrière als Roude Léiw zu Enn.
De Nationaltrainer, Luc Holtz, huet haut der Press matgedeelt datt den Anthony Moris néi Stammkeeper vun der Nationalekipp ass. Et ass domadder den Enn vun engem Kapitel lëtzebuerger Fussballsgeschicht.
D’Auslandspress zur Doudesgrupp A
D’Roud Léiwen kennen säit gëschter d’Géigner an der WM-Quali 2018 a Russland an de Lous huet et sportléch net ganz gutt mat ons gemengt. Mat Holland, Frankräich a Schweden treffe mir an der Qualifikatioun op dräi Länner déi et op engem internationalen Turnéier mindestens zur 1/4 Final packe kënnen. Nieft deenen dräi spille mir géint Bulgarien a Wäissrussland, comme d’habitude.
Holland, Frankräich a Schweden
Haut war d’Auslousung vun der WM-Quali 2018 a Russland a Lëtzebuerg krutt dräi ganz stark Géigener an de Grupp A zougelousst.