9 Grënn, firwat Lëtzebuerg den Owend gewënnt
9 Spiller verletzt, 2 Stéck gespart? Mëcht näischt! Géint d’Wäissrussen ka bal näischt schief goen. 9 Grënn, firwat mir den Owend géint d’Ekipp aus dem Ostblock gewannen:
Mam Sinani, mee keen Thill-Trio !
De Luc Holtz huet haut säi Kader fir d’Matcher géint Wäissrussland (31.8 am Josy) a Frankräich (3.9 zu Toulouse) bekannt ginn.
Och ouni Mahmutovic a Chanot
Et huet sech also bestätegt dat weder de Mahmutovic nach de Chanot fir d’kommend Matcher an der WM-Qualifikatioun zu Verfügung stinn. Béid Innevertéideger hu sech bei Asätz mat hiere Klibb verletzt a feelen der Nationalequipe doheem géint Wäissrussland (31.8) an auswärts géint Frankräich (3.9 Toulouse).
Jon Legend is back
De Luc Holtz setzt op Erfahrung fir den Schon an dem Moris ze ersetzen an nominéiert de Jonathan Joubert.
Puer Gulden Léiergeld…
Dass et zu Rotterdam schwéier fir d’Rout Léiwe sollt ginn war gewosst. Dass um Enn awer sollt mat engem 5-0 déi héchsten Néierlag fir d’Lëtzebuerger an engem Qualifikatiounsmätch säit dem Oktober 2012 (engem 0-6 doheem géint Israel) zu Buch sollt stoen war natierlech eng Enttäuschung.
Lëtzebuerg – Cap Vert… herno ass een ëmmer méi schlau!
Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau.
No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.