Stadion: de lëtzebuerger Modell…
De Fränk Goetz huet et geschter am Journal op RTL Tele Lëtzebuerg op de Punkt bruecht, wéi en vun enger “never-ending Story vun engem neie Fussballstadion zu Lëtzebuerg” geschwat. Et as nach keen halleft Joër hier, do huet den deemolege Staater Buergermeeschter Xavier Bettel erklärt, dass de Stade Josy Barthel renovéiert géif gin. Nodeems déi nei Staater Buergermeeschtesch (a Parteikollegin) Lydie Polfer awer elo gëschter ugekënnegt huet, dass et elo dann vlait awer net esou géif goen, an een neie Standuert géif gesicht gin, kann ee sëch wierklech d’Fro stellen, waat een hautesdags op d’Versprieche vun der Politik ka gin.
Harden Tubak vum Joachim
D’Summerlach ass eriwwer …
An der “La Meuse” vum Mëttwoch 03.07.2012 liedert den Aurélien Joachim géint den F91 Diddeleng. Hien ënnerstellt den Dirigenten vum Fusiounsveräin ënner anerem Onprofessionallitéit. E Retour bei de Veräiner bei dem hien nach ëmmer ënner Kontrakt steet kennt fir onsen Nationalspiller net a Fro. Hien géif da ” leiwer e Joer ophalen” an “probéieren säi Kontrakt ze briechen”.
Grond vu senger Roserei soll de faite sinn datt hien schonn zwou Wochen op en Treffen mam F91 wart an nach ëmmer keng Äntwert kritt hätt. Hien erhofft sech dorausser e Bon de Sortie aus dem Kontrakt fir e gewessenen Präis.
De fréieren Willem II Spiller huet anscheinend Kontakter mat holläneschen an däitsche Veräiner. Den F91 géif awer zevill froën. Riets geet et ëm eng Somm ëm 200.000 Euro. Dëst wier zum Beispill fir Waalwijk en ze grousse Montant gewiescht.
Affaire à suivre
Breu vs. Hellers
Op wort.lu ass folgenden interessanten Interview mam President vum F91, dem Romain Schumacher, ze liesen :
Dat do confirméiert a sech dat, wat ech och schon vun Elteren héieren hunn, déi Kaméidi mam Breu hunn. Hannergrond ass wuel, datt de Breu probéiert esou mann wéi méiglech Spiller vun der Fussballschoul vum F91 ze integréieren a kategoresch e Problem mat där Fussballschoul ze hunn schéngt. Wat bedenklech ass, ass datt esou wuel Guy Hellers, wéi och Paul Philipp viru Joren soten, datt déi Fussballschoul zu Diddeleng eng gutt Initiative wier a positiv fir de Lëtzebuerger Fussball. De Paul Philipp ass nun emol Chef vum Breu a muss oppassen, datt hien sech net vum Breu op der Nues ronderem danze léist. Well trotz allen Differenzen gleewen ech, datt den Hellers éischter am Sënn vun de Jugendspiller handelt an ech wees aus sécherer Quell, datt de Breu dat net mecht. Bei him ginn net déi bescht Jugendspiller aus em Land geruff, mä déi, déi net mucken a wou d’Elteren kuschen. Wat jo am Sport kompletten Nonsense ass. Ech hoffen emol datt d’Resultat tëscht em Gespréich Schumacher – Philipp ëffentlech gëtt an datt virun allem am Sënn vum Fussball an de Spiller diskutéiert gëtt ouni vill Gemauschels !
De Stef ass de Beschten
De Stefano Bensi gouf zum Futtballer vum Joer 2013 gewielt. Am “Challenge Guy Greffrath” huet hien vrum Marc Oberweis ( Jeunesse) an dem Thierry Steimetz ( F91) Plaz um Podium fonnt.
De Stiermer vun der Fola ass demno de Nofolger vum Aurélien Joachim, den am leschten Joer den Titel geholl huet.
De Stef, mat 20 Goaler beschte Buteur vum desjähregen Champion, huet den Titel ganz souverän mat iwwer 100 Punkten vrum Oberweis gewonnen.
Eng nei Chance fir de Pedro
Eng nei Chance fir de Pedro ?
Nodeems de Joel Pedro vu sengem Formatiounsveräin Sedan zeréck op Lëtzebuerg komm ass leeft et zimlech gutt fir de jonke Mëttelfeldspiller. Den 20 Järegen huet sech am Starensemble vum F91Diddeleng duerchgesat an ass ee vun den eenzege Liichtbléck vum amtéierende Champion deen dëst Joer ouni Titel do steet.
Säit 2009 ass de fréiere Spiller vum FC Kehlen och am erweiderte Kader vun der Nationalequipe. Bis Februar 2012 huet hien insgesamt 8 Matcher fir d’Roud Léiwe gemeet. Säit sengem Schratt zréck an d’Heemecht ass awer kee Match dabei komm. An datt trotz senge gudde Leeschtungen an der BGL-Ligue.
De Luc Holtz behaapt datt de Pedro net méi beruff gëtt well hien sech eng Kéier verweigert hätt fir d’U21 opzelafen a kritiséiert seng Astellung. De Spiller seet datt dëst net stëmmt a mengt de Problem ze kennen. Well en awer net nennen.
Als Zuschauer kann een nëmmen hoffen datt déi zwee sech mol op en Dësch setzen an duerno bei Null nees ufänken. Der Nationalequipe géif e Spiller wéi de Pedro sécher gutt bekommen an als Nationalspiller géif dem Spiller säin Dram vun enger Proficarrière net ausgedreemt sinn.
E volle Stadion – how-to
Den üblechen Thema war alt erëm déi kleng Zuschauerzuel géint Aserbaidschan, woubäi et Quali-Matcher gouf an der Geschicht, déi nach manner Zoulaf haten. Och an den 80er oder 90er gouf et Matcher mat ëm déi 1500 Zuschaer (z.B. d’1-0-Victoire géint Tschechien).