Première fir de Sébastien Thill
Den Nationaltrainer Luc Holtz huet fir de Frënndschaftsmatch géint St Trond (BE) de Sébastien Thill nominéiert. Datt den eelste vum Serge Thill sénge Kanner gläich den Trikot mam Roude Léiw droë géif, lung säit gewësser Zäit an der Loft. Den talentéierten Mëttelfeldspiller vum Progrès Nidderkuer glänzt scho säit Joeren am Dress vun de Giel-Schwarzen a seng rezent Leeschtungen géint Shamrock Rovers hunn den Luc Holtz schlussendlëch ganz iwwerzeecht him eng Chance ze ginn.
Lëtzebuerg – Moldawien, Nullnummer Nummer 3
An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.
Prix du jeune espoir fir den Dwayn Holter
Am Kader vun der Wiel zum Sportler vum Joer krutt den Dwayn Holter de “Prix du jeune espoir 2014”.
Den 19järegen Mëttelfeldspiller vun der SpVgg Greuther Fürth huet um nationale Plang den Duerchbroch gepackt an duerch séng gutt Leeschtungen am Trikot vun de Roude Léiwen sëch eng Plaz an der Stammformatioun vum Luc Holtz erkämpft.
Géint Weltstars wéi Pirlo oder Iniesta huet den Spiller mat der Nummer 19 sëch ganz gutt verkaf a bild mam Lars Gerson momentan d’zentralt Mëttelfeld vum néien 4-4-2.
Um Wee
Wéi ët schéinnt ass en onglécklëchen Laurent Jans um Wee zréck an d’Heemecht. En iwwermotivéiert Katari huet am Testmatch zweschen den U20 vum Dundee FC an den U20 vu séngem Land dofir gesuergt datt dem Jans säin Test schonn no e puer Minutten zu Enn war. No engem Tackling huet onsen Nationalspiller missen ausgewiesselt ginn an krutt anschéinend no bruet datt et an deenen Ëmstänn kee Sënn mëscht méi lang a Schottland ze bleiwwen.
Am Quotidien erklären de Laurent a säin Agent, den Didier Philippe, datt de Manager vun Dundee FC de Laurent Jans gehalen hätt wann hien ondiskutablen Stammspiller gewierscht wier, dëst wier awer nët direkt de Fall gewierscht. Dem Jans séng Test-Odysee ass elo zu Enn komm an hien integréiert nees de Lëtzebuerger Championnat bei séngem Veräin, der Fola vun Esch.
Ëndlech ?
Nët schlecht gestaunt hunn d’Zuschauer de Freiden op der Grenz oder de Méinden beim “Goal” kucken wou se den Gilles Bettmer gesinn hunn. Nieft den 2 Goaler déi hien fir säin FC Déifferdeng geschoss huet, huet hien duerch eng kierperlëch Fitness erausgestach.
Dem Tageblatt huet de Gilles erklärt datt hien nieft extra Trainingsschichten och eng Diät mescht an esou 5 Kilo ofgeholl huet an lo an enger Form ass an der mir hien scho laang net méi gesinn hunn.
Nët nëmmen d’Zuschauer vum Déifferdénger Fusiounsveräin freeën sëch iwwert déi Nouvelle mä och déi vun der Nationalekipp géiwen sëch e Retour vun engem Gilles an Topform wënschen. Den SC Freiburg-Schüler gëllt bei de Roude Léiw Supporter als e vun de Liiblingsspiller aus den leschten Joër mä hien huet sëch duerch séng Liewensastellung an -Hygiene sëlwer an d’Abseits gestallt. Séng Lescht Nominéierung läit lo schonn bal zwee Joer hier an am Ufank vum Joër huet de Nationaltrainer an engem Interview mam Wort ganz kritësch Wierder zum Bettmer geäussert.
Ët war um Bettmer dorobber eng Äntwert ze ginn an ët schéinnt wéi wann hien, endlëch, d’Kéier kritt ze hunn.
De Gilles Bettmer huet 2005 mat 16 Joër säin Début ënnert dem Hellers ginn an huet 1 Goal am Dress vun der Nationalekipp geschoss. Mat elo 25 Joër bleift dem Gilles nach genug Zäit fir säin aktuellen Selektiounenstand ( 58 ) ze vergréisseren an d’Hoffnung déi an hien gestach gouwen ze erfëllen.
Ëndlech…
ROAD TO FRANCE – firwat net?
D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.