Au(h!)gust ?
Nächste Mëttwoch spillt ons Nationalequip e Frënndschaftsmatch géint Litauen. Et ass scho bal eng Tradition datt ons roud Leiwen am August geint eng aner Natioun oplafen. Gudd Erennerungen ginn et der wéineg…
Säit 2006 hu mir bis elo nëmmen e positift Resultat ereecht an datt war 2007 mam 0-0 géint Georgien. Dem Guy Hellers seng Männer hatten deemols en Gläichspill vrun 1200 Zuschauer am Josy Barthel ereecht. Datt ass och schonn den eenzegen Liichtbléck. Sos goufen et nemmen Néierlagen. Ugefangen huet et 2006 mat engem “éierbaren” 0-1 géint Tiirkei, eiher mir eben dat Joer drop den Georgier dat ebengenannten Gläichspill getrotzt hunn.
2008 hatte mir dunn Mazedonien zu Besuch. Den Hellers hatt et deemols mat enger zimlech offensiver Equip probéiert, enner anerem mam Mutsch als Offensive Mettelfeldspiller. De Versuch goung trotz dem Kitenge sengem Goal an d’Bochs a mat 1-4 zu Enn.
Mam FC Déifferdéng op Utrecht
FCD-Fan sinn ech jo eigentlech net – mee wann awer esou e sympathesche Lëtzebuerger Veräin Coupe d’Europe spillt, an dat emol keng 400 Kilometer vu Lëtzebuerg eweg, läit et awer an der grousser Vakanz no fir dohinn ze fueren. Wann de Bus dann och nach vum Veräin gratis zur Verfügung gestallt a mäi Matblogger CK (deen och all Fotoen gemaach huet di an dësem Post ze gesi sinn) matkënnt, dann ass de Choix séier gemaach: mam Bus goung et also fir eis zwee, an nach 66 weider Déifferdénger Fans a Sympathisanten op Utrecht.
Haut viru 7 Joer – Lëtzebuerg – Portugal zu Metz (3.Juni 2006)
Ronn eng Woch virun der Weltmeeschterschaft an Däitschland koum et zu Metz zu engem Testmätch tëscht Lëtzebuerg a Portugal. Mat engem Bus goung et géint halwer 5 also Richtung Frankräich. Départ war, wéi ëmmer, um Park and Ride um Houwald. Während mer a Lëtzebuerg nach virum Beruffstrafic op der Autobunn waren, stounge mer spéider fir a Metz eranzefueren am Stau.
St.Petersburg!
Den engleschsprochege Wikipedia berifft sech op russësch Medien, no deene feststeet dass d’Sbornaja hier Heemmätcher géint Lëtzebuerg an Israel am September net an der russëscher Haaptstad Moskau, mee zu St.Petersburg giff ausdroen.
Maxime who ?
Haut kann een an der franséischer Online Ausgab vum Wort liesen datt a kuerzer Zäit e gewësse Maxime Chanot fir d’Roud Léiwe selectionabel wier. Ech muss agestoen datt och mir als fervente Fussballpolyphage keen agefall ass den dësen Numm dréit. Dofir war ech frou datt de Journalist vum Wort ons e bëssen erklärt huet ween de Maxime Chanot ass.
An do war e fort
Wei RTL lo grad informéiert huet ass de Chris Martins an enger “Nacht- und Nebelaktioun” aus dem Hotel verschwonnen.
Einfach trauereg wéi ee Spiller, säi Beroder a seng Famill mat enger Federatioun ëmginn. Nach méi schlëmm dat et schonn am Virfeld Rumeuren gi sinn datt hien Ofsoën waert an sech géint eng Nominéierung entscheed hätt. Datt hätt hien schonn engem Kolleg gesoot.
Do wär et ubruet gewierscht einfach ze soën datt en sech nach net entscheeden kann an mat opene Kaarten spillen. Et ass keen béis wann een fir en anert Land spillen wëll.
Fir mëch trotzdem e Fall deen hart bestrooft soll ginn. Och wann den Chris Martins reischt 16 Joër huet.
