De Kader vun der Fannationalekipp
Raym
Huelse.lu zesummen mat der Missioun Grottekick presentéieren iech de Kader vun der Fannationalekipp, déi den 25 Mäerz 2019 am Stade Jos Becker (Terrain II/Synthetescheb) um 17:00 géint d‘Fans vun der Ukraine spillt.
Den Entrée ass fräi a fir Gedrénks ass gesuergt, d‘Lokalekipp vun der US Hueschtert mecht d‘Buvette op. De Pré-Match ka gutt an drëtt Halschent vum Fanmatch muss gewonnen ginn.
Kommt laanscht an ënnerstëtzt ons Fanequipe déi säit Joren drop waart mol nees e Match (um Terrain) ze wannen.
De Match gëtt am Virfeld vum Lännermatch Lëtzebuerg géint Ukraine gespillt. Dës Partie vun der EM-Qualifikatioun 2020 gëtt de nämlechten Dag am Stade Josy Barthel um 21:00 ugepaff.
Mir wollte nach eemol jidderengem villmols Merci soën déi hier Kandidatur fir dëse Match via Facebook erageschéckt huet. Mir hoffen dat déi Léit déi sech gemellt hatten a léider net geloust gouwen net ze vill enttäuscht sinn an nächste Kéier méi Gléck hunn.
Op e flotte Match !
Lëtzebuerger Fanekipp
**GOALKEEPER: **Philippe Even (Jeunesse Jonglënster II), Jo Haagen (Jeunesse Biwer II)
**OFWIER: **Clendis Soares (_AS Douanes et Accices), _Pierre Forster (Jeunesse Jonglënster II), Dan Frederes (Compadres Tridefa), Sven Fiedler (_Compadres Tridefa), _Raymond François (huelse.lu)
**MËTTELFELD: **Charlie Weiler (_US Hueschtert III), _Armand Joffroy (_Compadres Tridefa), _Charel Probst (Compadres Tridefa), Joe Feller (_M-Block Fanatics), _Stefan Guden (_Missioun Grottekick), _Til Decker (M-Block Fanatics)
**STUERM: **Ben Majerus (_huelse.lu), _Thierry Kruchten (_Missioun Grottekick), _Luca Herr (_M-Block Fanatics), _Sven Colles (M-Block Fanatics)
**TRAINER: **Batty Bentz (M-Block Fanatics)
RV fir d‘Spiller 16:20
Geleed gëtt de Match vum Här Jahrmärker Stan (FLF)
