Wat wier gewiescht…
Raym
No dësem flotte Match hu vill Lëtzebuerger de Stade Josy Barthel mat engem zefriddene Gesicht verlooss, trotz enger 1-3 Néierlag géint Holland. Zefridden an awer mam Gedanken “wat wier gewiescht wa mir haut ons Bescht derbei gehatt hätten”.
Voleksfest an Oranje.
Beim Knallerspiel géint de Favorit Holland konnt den Nationaltrainer weder op de Goalgetter Joachim nach op Moris, Gerson, Martins, Veiga, Carlson an Deville zeréckgräiwen an no 24′ Minutten huet sech mam Jans de momentan beschte Roude Léiw verletzt. Aacht Spiller vun deenen der siwen am Ausland spillen an der véier d’Wierbelseil vun der Equipe bilden ( Moris-Martins-Gerson-Joachim).
Aurelien Joachim huet, verletzt, misste nokucken.
Bei deene Konditiounen hätt e kéinnte fäerten datt ons Nationalequipe eng dëfteg Néierlag astieche wäert. Mä no deenen 90 Minutte kann een méi wéi positif an d’Zukunft blécken. Den Nationaltrainer huet nämlech eng Equipe op d’Feld geschéckt déi e richtege Message an d’Fussballwelt geschéckt huet. Mir, Lëtzebuerger, hunn eng fantastësch Equipe an eng flott Zäit vrun ons.
Huet den Drock ausgehalen an eng fantastesch Leeschtung ofgeliwwert
De Goalkeeper Schon, 26 Joer, réischt säit dëser Saison an der BGL-Ligue aktiv, huet an enger impressionananter Art a Weis bewissen datt hien e richteg gudde Keeper ass. An der 10′ huet de Robben deen éischte Schoss vum Match ofginn an de groussgewuessenen Eislécker deviert de Ball. Dräi Minutte méi spéit probéiert den Wijnaldum säi Gléck mä och do steet de Schon gutt.
Laurent Jans, den Anti-Robben Plang. Verletzt sech an der 25′ a muss ausgewiesselt ginn. Schued fir hien well Scouts aus der Belsch a Stuttgart fir hien do waren.
De Chrono huet déi 21 Minutte ageschloen wou de Sneijder e Corner vrun de Goal schléit an jiddereen laanscht de Ball sprängt. Dräi Minutten drop de Choc ! No engem Lafduell mam Arjen Robben verletzt sech de Laurent Jans. De Spiller vu Waasland-Beveren, hällt sech d’Been un a muss ausgewiesselt ginn. Fir hien kennt den Déifferdenger Jänisch.
29′ Éischte Goalschoss fir d’Léiwen, de Bensi spillt den Turpel un an deen zitt vu Ronn 22 Meter of. De Schoss ass awer ze zentral an de Stekelenburg paréiert gekonnt.
An der 31′ eng wéider gutt Aktioun vum lëtzebuerger Keeper deen de Ball vum Robben op de Klaasen beréieren kann. Den Hollänner, iwwerrascht, käppt de Ball iwwert den éidele Goal.
Wann nach een Zweifel un de Schon gehätt hätt ab deem Moment wäre se verflu gewiescht.
Arjen Robben, de Mann vun den éischte 45′ op hollännescher Säit.
An der 36ter Minutt gelengt den Hollänner e Goal, de Klaassen spillt de Robben an de Strofraum un (wéi TV Biller beleeën war de Bayern Star am Abseits), an den zirkelt de Ball mat lénks an de klengen lénke Filet vum Lëtzebuerger Goal. 0-1
Wee lo geduet hatt dat d’Léiwen e Knacks giwwe kreien loung derlaanscht well lo waren déi Wäiss nach méi hongrëg.
Gëfteg, besseg, schnell – Da Mota
An der 40′ zitt den Da Mota iwwer lénks an de Brenet kennt him net richteg no. Den Diddlénger flankt op säi Veräinskolleg, den Turpel, mä dee gett vum Van Dijk gehënnert a säi Schoss geet laanscht. No deser Aktioun hätt den Dost no enger flank vum omnipräsente Klaassen op 2-0 erhéiche mä säi Schoss geet iwwert d’Kescht.
Den Da Mota Festival huet dunn an der 42′ ugefanken. Hien geet an onser Halschent de Ball an d’Féiss vum Robben sichen, leeft deem an dem Brenet mam Ball fort a kann vun deem just nach am 16er gestoppt ginn. Elefmeter!
De Maxime Chanot leet sech de Ballop de Punkt an erwescht de Steklenburg “à contre-pied” 1-1 !!!
Maxime Chanot mat sengem zweete Goal fir Lëtzebuerg
Mat deem Score ass et dunn an d’Paus gaangen. De Blind wiesselt direkt zwee Mol an gëllt Robben a Sneijder eraus. De Leschtgenannten huet géint den Debutant Mahmutovic absolut kee Land gesinn. Déi lénk Hollänesch Säit war inexistent well Blind a Sneijder vum Duo Mahmutovic-Bohnert aus dem Match geholl gi sinn.
Fir de Sneijder koum dunn den Depay. De jonke United Spiller huet den zweete 45′ geprägt wéi keen aneren.
Zwou Minutte nom Téi kann de Schon mat enger flotter Parade e Kappball vum Dost haalen.
An der 58′ koum et dunn zum 1-2. No engem inexistente Feeler kreien d’Hollänner e Fräistouss, dee féieren den schnell aus, spillen de Ball op lénks op de Blind, dëse flankt op den Depay dee vrum Chanot un de Ball kennt an zum 1-2 erakäpt.
D’Been vun der Heemequipe sinn ëmmer méi schwéier ginn mä de Géigner konnt och net vill dovunner profitéieren. Et war nees den Depay deen de Ball an der 65′ geféierlech Richtung Lëtzebuerger Goal scheisst mä de Schoss geet driwwer.
Début fir de Kevin Kerger.
Den Da Mota, beschte Lëtzebuerger, muss an der 75′ ausgewiesselt ginn. Fir hien kënnt den nonominéierten Kerger. Den Holtz schenkt dem Stroossener seng éischt international Minutten.
Wéi gesäit et mam Vertrauen an den Sebastien Thill aus ?
Firwat den Nationaltrainer dem Sébastien Thill do net Vertrauen schenkt misst mol erklärt ginn. De “CBA” war am Testmatch géint Malines e vun den eenzege Liichtblécker. De Spiller vum Progrès huet bis lo an de meeschte Matcher am lëtzebuerger Dress iwwerzeecht mä kritt trotzdem wéineg Spillminutten. Firwat ? Op jiddefall stellen d’Supporter op de Gradins sech déi Fro an de Spiller selwer bestëmmt och.
An der 77′ war de Schon scho nees zur Stell a kann dem Berghuis säi flotte Schoss aus 18 Meter paréieren.
De Luc Holtz probéiert elo mam Vincent Thill e fresche Spiller op den Terrain ze brengen. De Metzer kennt an der 82′ fir de Stefano Bensi.
Enes Mahmutovic géint Depay. E schwéiere Géigespiller fir een éischte Lännermatch. Trotzdem en iwwerzeegenden Optrëtt vum Fola-Spiller
Den 1-3 an der 84 fällt no engem Bijou vun engem Fräisstouss vu 25 Meter. Signé Depay !
D’Lëtzebuerger geheien nach e Mol alles no vir an e Ball fënnt den Turpel am hollännësche Strofraum. De Stiermer probéiert mat lénks oftezéihen mä trëfft nëmmen an de Buedem.
Staark Leeschtung an awer entäuscht
D’Léiwen verleieren géint eng oninspiréiert Hollännësch Equipe déi mat Depay a Robben zwee weltklasse Spiller um Terrain hatten déi den Ennerscheed gemeet hunn. Wa mir ons an e puer Méint zu Rotterdam erëmgesinn dann hoffentlech mat onser kompletter Equipe. Mir wëllen eng Revanche !