Géint e Match Lëtzebuerg-Spuenien op der Arler Strooss
D’Lëtzebuerger Nationalekipp däerf dann elo awer hieren Heemmatch géint Spuenien an der Heemecht spillen. No enger zweeter Demande säitens der FLF un d’UEFA gëtt de Ball den 12 Oktober 2014 awer duerch de Josy Barthel gejoht. D’Konditioun ass datt déi néidëg Verbesserungen am Stadion gemaach ginn. Watt dozou féiert datt ronn 2000 Plazen eweg falen géifen an de Match vrun maximal 6000 Léit gespillt ka ginn.
De Site vum neie Stadion
Ech wëll dann hei e klengen Iwwerbléck ginn iwwer de Site, wou den neie Stadion soll hikommen, nämlech tëscht de Stater Contournement (A1/A6) an den CR186 dee vu Gaasperech iwwer d’Kockelscheier op Beetebuerg féiert.
Stadion: de lëtzebuerger Modell…
De Fränk Goetz huet et geschter am Journal op RTL Tele Lëtzebuerg op de Punkt bruecht, wéi en vun enger “never-ending Story vun engem neie Fussballstadion zu Lëtzebuerg” geschwat. Et as nach keen halleft Joër hier, do huet den deemolege Staater Buergermeeschter Xavier Bettel erklärt, dass de Stade Josy Barthel renovéiert géif gin. Nodeems déi nei Staater Buergermeeschtesch (a Parteikollegin) Lydie Polfer awer elo gëschter ugekënnegt huet, dass et elo dann vlait awer net esou géif goen, an een neie Standuert géif gesicht gin, kann ee sëch wierklech d’Fro stellen, waat een hautesdags op d’Versprieche vun der Politik ka gin.
Et geet virun
Wei haut am Quotidien ze liesen ass geet d’ Gemeng Déifferdeng hire Projet iwwert den Ausbau vun hirem Stade Communal zum Stade National nächst Woch op Monnerech bei d’FLF présentéieren. D’ Equipe vum Herr Meisch probéiert domadder de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun op hier Säit ze gewannen. De Sportminister Romain Schneider huet erklärt datt de Conseil d’Administration an d’ Entscheedung iwwert de Stadion agebonne gëtt. Dat sinn gutt Noriichten am Virfeld vrum UEFA congrès vu datt de Platini FLF jo scho gewarnt hatt datt d’ Infrastrukture bis 2014 “en norme” misse sinn.
Marketing géint den Zuschauerschwund
Hei e Lieserbréif, deen ech erëm fonnt hunn, deen eng Äntwert ob eng Analyse vum Wort vu virun 10 Méint war. Leider gouf dee Bréif nie verëffentlecht, dofir dart Ganz haut elo hei op huelse.lu (op däitsch, well ech en deemols op däitsch eraginn hat):