Stadion: de lëtzebuerger Modell…
De Fränk Goetz huet et geschter am Journal op RTL Tele Lëtzebuerg op de Punkt bruecht, wéi en vun enger “never-ending Story vun engem neie Fussballstadion zu Lëtzebuerg” geschwat. Et as nach keen halleft Joër hier, do huet den deemolege Staater Buergermeeschter Xavier Bettel erklärt, dass de Stade Josy Barthel renovéiert géif gin. Nodeems déi nei Staater Buergermeeschtesch (a Parteikollegin) Lydie Polfer awer elo gëschter ugekënnegt huet, dass et elo dann vlait awer net esou géif goen, an een neie Standuert géif gesicht gin, kann ee sëch wierklech d’Fro stellen, waat een hautesdags op d’Versprieche vun der Politik ka gin.
Et ass de Josy !
No jorelaangen Discussiounen ass endlech eng Entscheedung am Thema Nationalstadion gefall. De Romain Schneider huet de Moien um FLF Kongress erklärt datt de Stade Josy Barthel renovéiert gëtt. D’Entscheedung ass no enger Zesummenaarbecht mat der FLF gefall. Domadder sinn d’ Projet’en vu Léiweng an Déifferdeng vum Dësch. Trotzdem muss ee souwuel den Här Becca wei den Här Meisch luewen datt si sech iwwerhaapt fir de Lëtzebuerger Futtball agesat hunn. Och wann si natierlech dobäi hier eegen Interessie vertrueden hunn a bei enger Entscheedung fir hire Projet e gewësse Profit erausgespronge wier. Mä soit, den éischtgenannten huet de Steen un d’ rulle bruet an den Déifferdenger Buergermeeschter huet schlussendlech de leschten Drock ausgeübt fir datt endlech eng Decisioun gefall ass.