Um Wee
Wéi ët schéinnt ass en onglécklëchen Laurent Jans um Wee zréck an d’Heemecht. En iwwermotivéiert Katari huet am Testmatch zweschen den U20 vum Dundee FC an den U20 vu séngem Land dofir gesuergt datt dem Jans säin Test schonn no e puer Minutten zu Enn war. No engem Tackling huet onsen Nationalspiller missen ausgewiesselt ginn an krutt anschéinend no bruet datt et an deenen Ëmstänn kee Sënn mëscht méi lang a Schottland ze bleiwwen.
Am Quotidien erklären de Laurent a säin Agent, den Didier Philippe, datt de Manager vun Dundee FC de Laurent Jans gehalen hätt wann hien ondiskutablen Stammspiller gewierscht wier, dëst wier awer nët direkt de Fall gewierscht. Dem Jans séng Test-Odysee ass elo zu Enn komm an hien integréiert nees de Lëtzebuerger Championnat bei séngem Veräin, der Fola vun Esch.
Profi Nummer 4!
Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.